Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Normung ass en Uerdnungsinstrument fir Technik a Wëssenschaft, an doriwwer eraus och vum perséinleche Liewen.

Et ass een integréierte Bestanddeel vun de Wirtschafts- Sozial- a Rechtsuerdnungen.

D'Normung huet als Aufgab, eng plangméisseg Vereenheetlechung vu materiellen an immaterielle Géigestänn, fir déi intresséiert Kreesser, a fir d'Allgemengheet opzestellen.

Si dréit zur Sécherheet vu Mënschen a Material bäi, grad sou wéi zur Qualitéitsverbesserung an alle Liewensberäicher, an och zur Uerdnung an Informatioun a de jeeweilegen Normungsgebidder.

D'Normung kann op regionalem, nationalem, an internationalem Niveau duerchgefouert ginn.

Déi bekanntst Normen a Mëtteleuropa sinn d'DIN-Normen an zanter en ettlech Joren am Zesummenhank mat der Vereenheetlechung an der EU, d'EN-Normen, an ISO-Normen, och nach EN-ISO genannt, zanter se vun der EU onverännert vum Original iwwerholl goufen.