Nojemerbierg

Kopp bei Nojem

Den Nojemerbierg (och Nojemer Bierg) ass e Lieu-dit um Bierg mam selwechten Numm an der Gemeng Réiden.

Nojemerbierg
An anere Sproochen fr: Nagemerberg
de: Nagemerberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Coat of arms redange sur attert luxbrg.png Réiden
Gemeng Coat of arms redange sur attert luxbrg.png Réiden
Buergermeeschter Henri Gerekens
Koordinaten 49°47'37,8"N, 5°50'48,6"O

GeographieÄnneren

Den Nojemerbierg läit ongeféier ee Kilometer nordwestlech vun Nojem op enger Héicht vu ronn 370 Meter iwwert dem Mieresspigel, ongeféier 60 Meter méi héich wéi Nojem.

No Süden a Westen hi flaacht de Biergvirspronk an den Dall vun der Fräsbech of. No Osten, a Richtung vum Nojemerhaff gëtt en duerch d'Griecht vun enger klenger Baach déi an d'Fräsbech leeft, genannt Hanzegrond begrenzt. No Norden hi geet en an de Lannener Bierg iwwer.

Den Nojemerbierg läit am Guttland, d'Grenz zum Éislek verleeft ronn ee Kilometer weider nërdlech[1]

ReferenzenÄnneren

  1. Geologesch Kaart vun der Gemeng Réiden. Gekuckt de(n) 14.03.2020.