De Klengbild-Spigelreflex-Fotoapparat Nikon F (an Däitschland och Nikkor F) vun Nippon Kogaku K.K. ass e klassesche professionellen Apparat aus de Sechzegerjoren.

Eng schwaarz Nikon F ouni Beliichtungsmiesser

Entwécklung vun de Klengbild-Fotoapparaten änneren

Virleefer änneren

Den eigentleche Virleefer vun der F war d'Nikon SP, e Miesssucher-Apparat, dee vun Nikon geduecht war als Alternativ zu der Leica oder der Contax.

De Modul-System änneren

D'Nikon F, déi 1959 fir d'éischt gebaut gouf, war net eleng eng Weiderentwécklung vun anerer Modeller. Et war deen éischte Reflex, deen e Sucher hat, deen 100 % vum Bild gewisen huet. Dat richteg Neit war allerdéngs de Modul-System.

Boitier änneren

De Boitier u sech ass reng mechanesch an domat komplett onofhängeg vu Batterien.

Titan-Schlitzverschloss änneren

De Verschloss bei der Nikon F ass eng Rollued aus Titan, deen eng Blëtzsyncronzäit vun 1/60 Sekonn erlaabt. Déi kierzt Beliichtungszäit ass 1/1000 Sekonn, an déi längst 1 Sekonn.
Nieft der normaler B-Astellung (fir "bulb"), bei där de Riddo sou laang op bleift, wéi den Ausléiser gedréckt ass, gëtt et um Apparat nach eng Astellung fir "T" (fir "time"). Dobäi bleift de Verschloss nom Ausléise sou laang op, bis datt den Verschlosszäiteknäppchen op eng aner Zäit gedréint gëtt.

Um Spaweck änneren

Commons: Nikon F – Biller, Videoen oder Audiodateien