Den Nicolas Vernulaeus, oder Nicolas de Vernulz, gebuer 1583 zu Villers-la-Loue, bei Virton, an ëm 1649 zu Léiwen gestuerwen, war een Humanist, Historiograph an Theaterauteur aus dem lëtzebuergesche Raum ("Pays Duché de Luxembourg et Comté de Chiny").

Den Nicolas Vernulaeus koum als Jong vun engem Landadelegen op d'Welt. Säi Papp war Capitaine am Déngscht vum spuenesche Kinnek Philippe II.. Nodeem en op den Universitéite vun Tréier a Köln studéiert hat, gouf den Nicolas Vernulaeus Professer fir laténgesch Rhetorik op der Universitéit vu Louvain (Leuven) an, ëmmer nach zu Louvain, fir Latäin am "Collège des Trois Langues". Dräimol (1632, 1644 a 1645) gouf hien zum Rekter vun der Universitéit vu Louvain gewielt.

Säi laténgescht Wierk besteet aus Dramen an aus historesche Schrëften, ë. a. enger Geschicht vun der éischter Universitéit vu Louvain, déi 1797 opgeléist gouf.

Wierk (Auswiel) änneren

  • Academia Lovaniensis - Ejus origo, incrementum, forma, magistratus, facultates, privilegia, scholae, collegia, viri illustres, res gestae ; 1657.
  • Virtutum augustissimae gentis Austriacae ; 1640.
  • Laudatio funebris imperatoris Fernandi II ; 1637.
  • Henricus octavus seu schisma Anglicanum ; 1624.