Den Nicolas ("Nic") Pletschette, gebuer de 15. Februar 1882 zu Steeën a gestuerwen den 30. September 1961[1] zu Rëmeleng, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.[2]

Nicolas Pletschette
Gebuer 15. Februar 1882
Steeën
Gestuerwen 30. September 1961
Rëmeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Säi Liewen änneren

Den Nic Pletschette ass an einfache Verhältnesser, als fënneft vun aacht Kanner vum Schouster Michel Pletschette a senger Fra, der Catherine Rodange, enger Niess vum Michel Rodange.

No 3 Joer Lehrernormalschoul huet hien zu Schandel als Schoulmeeschter ugefaangen, fir no 5 Joer op Rëmeleng versat ze ginn, wou e bis zum Enn blouf.

Hien huet 1932 seng éischt Publikatioun erausbruecht, Letzebuerger Schnoken, déi, grad wéi seng Biller aus der Letzebuerger Sprooch Sammlunge vu Spréchelcher a Volleksweisheete waren déi en doruechter héieren huet. 1934 schrouf e Reisebilder aus Italien, 1935 Fremde Klänge im Luxemburger Dialekt. Hien huet nach weider Sammlungen erausbruecht, ë. a. déi vun de Lidder vum Mathias Thill (1880-1936).

1936 huet e sech mam Hélène Schuh bestuet.[3]

1935 gouf hie Membre correspondant, 1945 membre effectif vun der sproochwëssenschaftlecher Sektioun vum Institut Grand-ducal.

Weider Publikatioune vun him waren ë. a. Mäi Letzebuerger Eckelchen (1946-1950), Der Luxemburger Lehrer im Urteil des Volkes und seiner Schriftsteller (1955-56), De Schousterpittchen (1956 an 1965) oder Rümelingen, die Stadt der roten Erde (1957).

Wierker (Auswiel) änneren

  • Letzebuerger Schnoken (1932 an 1945)
  • Biller aus der Letzebuerger Sprôch. Riedensarten a Wîrder (1933 an 1950)
  • Fremde Klänge im Luxemburger Dialekt (1935)
  • Der Volksschriftsteller Heinrich Adolf Reuland (1938)
  • Der Luxemburger Dorfschuster (1939)
  • Kriegswolken über Rümelingen (1949)
  • Mei Letzebuerger Eckelchen (1946-1950)
  • Volk und Wetter (1952)
  • Der Luxemburger Lehrer im Urteil des Volkes und seiner Schriftsteller (1955-56)
  • De Schousterpittchen (1956 an 1965)
  • Rümelingen, die Stadt der roten Erde (1957)
  • Spâss an der Letzebuerger Sprôch (1961)

Gielchen änneren

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche 'Nicolas Pletschette' op autorenlexikon.lu.
  2. Quell, wou net anescht uginn: Cornell Meder: "Das Sammeln ist des Lehrers Lust: Zum hundertsten Geburtstag von Nic. Pletschette." d'Letzeburger Land, 19.2.1982, S.
  3. Fiche 'Nicolas Pletschette' vum Syndicat d'Initiative Ärenzdallgemeng
  4. Memorial A N°10 vun 1950 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen