Den Nico Langehegermann, gebuer de 24. Mee 1946 zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Vëlossportler, Sculpteur a Moler.

Nico Langehegermann
Gebuer 1946
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

Hien huet an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg studéiert. Duerno huet hie sech a sengem Handwierk op d'Beschrëften an op d'Dekoréiere vun Autoe spezialiséiert. Spéider huet hie seng berufflech Erfarungen a seng Konscht abruecht.

Hien hat Ausstellunge vu senger Wierker ënner anerem zu Paräis, Innsbruck, Graz a Lëtzebuerg.

Den Nico Langehegermann ass de Koseng vum Val Langehegermann.

Palmarès als Vëlossportler bei den Amateuren (Auswiel) änneren

  • 1966: 3. an der 6er Etapp vun der Österreich-Rundfahrt
  • 1967: Landesmeeschter bei den Amateuren
  • 1967: 1. an der 3. Etapp vun der Flèche du Sud
  • 1968: 9. am Generalklassement vun der Flèche du Sud

Um Spaweck änneren