Nic Pauly
Den Nic Pauly oder Nicolas Pauly, gebuer den 19. November 1919 zu Diddeleng an do gestuerwen 25. August 1981, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]
Nic Pauly | |
---|---|
Gebuer |
19. November 1919 Diddeleng |
Gestuerwen |
25. August 1981 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[2]
Tëscht dem 13. Mee 1945 am 16. Abrëll 1950 huet den Nic Pauly 21-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 1 Gol geschoss.[3]