Nic Daubenfeld

Lëtzebuerger Gewerkschaftler, Politiker an Historiker

Den Nic ("Nikki") Daubenfeld, gebuer de 15. Juli 1930 a gestuerwen den 13. Januar 2017[1], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler, Lokalpolitiker (LSAP) a Lokalhistoriker.[2],[3]

Nic Daubenfeld
Gebuer 15. Juli 1930
Gestuerwen 13. Januar 2017
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Historiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP

Hie gouf 1975 op der Lëscht vun der LSAP an de Gemengerot vun Diddeleng gewielt. Hie war vun 1982 bis 1990 am Schäfferot vun Diddeleng.

Bei der Arbed Diddeleng war hie gewerkschaftlech aktiv a laang Zäit President vun der Aarbechterdelegatioun a President vum Syndikat vun de Stol- a Biergaarbechter. An den 1970er Jore war e wärend der Kris an der Stolindustrie mat bedeelegt un der Ariichtung vun der Division anti-crise (DAC).

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce vum Nic. Daubenfeld
  2. Gewerkschaftszeen ass am Trauer - Nic Daubenfeld am Alter vu 86 Joer verscheet op rtl.lu
  3. Nic Daubenfeld verstorben NEKROLOG op www.tageblatt.lu