New Mexico State University
D'New Mexico State Universitéit (och NMSU genannt) ass eng staatlech Universitéit zu Las Cruces, New Mexico. Op der Universitéit waren am Joer 2017 24.580 Studenten ageschriwwen. D'NMSU ass besonnesch fir hir Fuerschung a Léier am Beräich vun der Raumfaart bekannt.
Typ | staatlech Universitéit, ëffentlech Bildungsinstitutioun an den USA |
---|---|
Land | USA |
Schülerzuel | 18.500 |
1. September 2021 | |
Gegrënnt | 1888 |
Um Spaweck | https://www.nmsu.edu/ |
Nieft hirem Haaptcampus zu Las Cruces ënnerhält d'NMSU Campussen zu Alamogordo (2.000 Studenten), Carlsbad (1.200 Studenten) an Dona Ana souwéi e Büro zu Albuquerque.
Geschicht änneren
D'Universitéit gouf 1888 ënner dem Numm New Mexico A&M College gegrënnt.
Fakultéiten änneren
- Agrarwëssenschaften
- Gesondheets- a Sozialwëssenschaften
- Ingenieurwëssenschaften
- Konscht a Wëssenschaften
- Pedagogik
- Wirtschaftswëssenschaften
- College of Extended Learning
- College of Honors
Sport änneren
D'Sportsequipe vun der NMSU sinn d'Aggies. D'Universitéit ass Member vun der Western Athletic Conference.
Um Spaweck änneren
Commons: New Mexico State University – Biller, Videoen oder Audiodateien |