Neutral an onofhängeg Mënscherechterpartei
fréier politesch Partei zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Neutral an onofhängeg Mënschrechterpartei)
Neutral an onofhängeg Mënscherechterpartei, kuerz NOMP, war den Numm vun enger lëtzebuergescher Partei, déi fir d'Chamberwale vum 12. Juni 1994 an d'Europawalen de selwechten Dag ugetrueden ass.
Fir d'Chamberwalen huet se Lëschten an zwéi Walbezierker presentéiert: am Süden an am Zentrum. Spëtzekandidatin am Zentrum war d'Hilda Rau-Scholtus.
Si gouf a keent vun deenen zwee Parlamenter gewielt an ass 1999 net méi ugetrueden.