Neo-Indeschen Ugrëff
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Neo-Indeschen Ugrëff ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel E00 klassifizéiert.
Zich | 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Lg5 |
---|---|
ECO | E00 |
Benannt no | Indien |
Entsteet aus | Indesch Verdeedegung |
Aner Nimm | Neo-Indesch |
Den Neo-Indeschen Ugrëff fänkt mat de follgenden Zich un:
- 1. d4 Sf6
- 2. c4 e6
- 3. Lg5
Varianten
änneren3.... h6
änneren- 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Lg5 h6
3.... h6 zwéngt de Leefer nach eng Kéier ze zéien, woubäi 4. Lxf6 net wéi am Trompowsky-Ugrëff zu Duebelbauere féiert.
3.... Lb4+
änneren- 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Lg5 Lb4+
3.... Lb4+ féiert no 4. Sc3 zur Leningrader Variant vun der Nimzo-Indescher Verdeedegung oder no 4. Sd2 zu onofhängege Varianten. Déi meeschtgespillte Variant no 4. Sd2 ass 4.... h6 5. Lh4 c5 6. a3 Lxd2+ 7. Dxd2. An dëser Stellung ka Schwaarz zum Beispill 7.... g5 8. Lg3 Se4 9. De3 Sxg3 10. hxg3 Da5+ 11. Kd1!? oder 7.... cxd4 8. Sf3 Sc6 9. Sxd4 Se4 10. Lxd8 Sxd2 11. Sxc6 dxc6 12. Kxd2 Kxd8 mat engem ausgeglachenen Endspill spillen.
3.... d5
änneren- 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Lg5 d5
3.... d5 féiert no 4. Sc3 zum ofgeleenten Dammegambit.
3.... c5
änneren- 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Lg5 c5
No 3.... c5 kann d'Partie mat 4. d5 exd5 5. cxd5 d6 6. Sc3 an eng Niewevariant vun der Moderner Benoni-Verdeedegung féieren.