Pol vun der Inaccessibilitéit

Positioun op der Äerd déi eng maximal Distanz zu der nooster Küst huet
(Virugeleet vu(n) Nemopunkt)

Als Pol vun der Inaccessibilitéit (och nach Pol vun der Onerreechbarkeet oder Pol vun der Onzougänglechkeet) gi verschidde Positiounen op der Äerd bezeechent (um Land oder am Waasser), déi eng maximal Distanz zu der nooster Küst hunn. De Prinzip geet op de kanadesche Polarfuerscher Vilhjálmur Stefánsson (1879–1962) zeréck, deen domat tëscht dem Nordpol an dem wäitste Punkt vun der Arktis ënnerscheede wollt.

Pole vun der Inaccessibilitéit (rout a blo Punkten): dënn Strécher = 250 km, déck Strécher = 1000 km.

Onzougänglechst Plazen op der Welt änneren

Déi onzougänglechst bewunnt Insel op der Welt ass Tristan da Cunha am Südatlantik, déi en Deel vum britteschen Iwwerséigebitt Saint Helena, Ascension an Tristan da Cunha ass an zum Vereenegte Kinnekräich gehéiert. Vun do aus sinn et ongeféier 2.440 km bis bei déi noost bewunnt Insel (Bhut) an 2.779 km bis op dat noost Festland (Südafrika).

Déi onzougänglechst Insel insgesamt ass déi norwegesch Bouvetinsel, déi och am Südatlantik läit. Se ass 2.260 km vun der nooster bewunnter Insel, Tristan da Cunha, ewech. Südafrika ass ongeféier 2.530 km ewech.[1]

Déi einsaamst Plaz iwwerhaapt ass den Nemopunkt (kuckt hei drënner).

Nordpol vun der Inaccessibilitéit änneren

Den Nordpol vun der Inaccessibilitéit läit bei 84° 03’ 0’’ N 174° 51’ 0’’ W op der Plaz vum arktesche Pakäis, déi am wäitste vum Festland an Inselen ewech ass. E läit 772 Kilometer vum geographesch Nordpol, 1.465 Kilometer nërdlech vun Utqiaġvik (Alaska), 1.070 Kilometer vun de Landmasse vun der Ellesmere-Insel (Kanada) an 1.390 Kilometer vum Franz-Joseph-Land (Russland) ewech.

Den Nordpol vun der Inaccessibilitéit gouf 1927 vum Hubert Wilkins mat engem Fliger erreecht. Wéinst der permanenter Beweegung vum Pakäis gëtt et do keng Maark.

Südpol vun der Inaccessibilitéit änneren

De Südpol vun Inaccessibilitéit ass der Definitioun no dee Punkt vun der Antarktis, deen am wäitste vun alle Küstelinnen ewech läit. E läit bei 83° 50’ 0’’ S 65° 47’ 0’’ E (op d'Äisfläch bezunn) oder bei 77° 15’ 0’’ S 104° 39’ 0’’ E (op d'Landmass bezunn). E läit ronn 870 km vum Südpol ewech[2] a gouf fir d'éischt 1958 mat Schnéigefierer vu sowjetesche Fuerscher erfuerscht. E läit op enger Héicht vun 3.718 m iwwer dem Mieresspigel. Déi järlech Duerchschnëttstemperatur ass mat -58,2 ° C eng vun den déifste vun der Äerd.[3]

Nemopunkt änneren

 
Pazifesche Pol vun der Inaccessibilitéit (Point Nemo)

De pazifesche Pol vun der Inaccessibilitéit (och nach Waasserpol oder Nemopunkt (Point Nemo)) läit bei 48° 52’ 31.75’’ S 123° 23’ 33.07’’ W an ass déi Plaz op der Äerduewerfläch déi am wäitste vu Landflächen oder Inselen ewech ass. De Nemopunkt dee säin Numm vum Kapitän Nemo aus dem Jules Verne senge Geschichten huet, gouf eréischt 1992 vum kroatesch-kanadesche Geometer Hrvoje Lukatela definéiert.[4][5]

E läit am südleche Pazifik, 2.688 km vum nooste Land ewech: Ducie (en Deel vun de Pitcairninseln) am Norden, Motu Nui (virun der Ouschterinsel) am Nordosten an der Maher-Insel (an der Géigend vun der Siple-Insel, virun der Küst vum Marie-Byrd-Land, Antarktis) am Süden.

Dëse Pol gëtt och als Raumschëffkierfecht benotzt; sou goufen z. B. onbemannt Kapselen nom Retour vun der Raumstatioun ISS an der Mir op dës Plaz bruecht, nodeem se kontrolléiert Ofstierze gelooss goufen.

Eurasesche Pol vun der Inaccessibilitéit änneren

 
Eurasesche Pol vun der Inaccessibilitéit

Den eurasesche Pol vun der Inaccessibilitéit läit bei de Koordinate 46° 17’ 0’’ N 86° 40’ 0’’ E an ass déi Plaz op der Äerduewerfläch déi am wäitste vu Weltmier ewech ass. E läit am nordwestleche China, am autonomen Territoire Xinjiang an der Wüst Gurbantünggüt an ass 158 km vun der Stad Karamay ewech. Bis bei déi noost Küst sinn et 2.383 km.

Computerberechnunge vun 2007 ginn zwou alternativ Lokaliséierungen un (wéinst der Onsécherheet vun der Küstelinn), déi béid an der Géigend vun Ürümqi, der Haaptstad vu Xinjiang leien (EPIA = Eurasian point of inaccessibility):

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pol vun der Inaccessibilitéit – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten änneren

  1. Luftlinie Bouvetinsel → Kapstadt - Entfernung zwischen Bouvetinsel und Kapstadt.
  2. (en)Poles and directions. www.antarctica.gov.au (2020-10-27). Gekuckt de(n) 2023-12-06.
  3. Joachim Blüthgen: Lehrbuch der Allgemeinen Geographie. Allgemeine Klimageographie. 3. Auflage. de Gruyter, Berlin/ New York 1980, S. 150 (Snippet)
  4. Jan Henne: Das ist der entlegenste Ort der Welt – er ist 2688 Kilometer vom nächsten Festland entfernt. In: GEO.de.
  5. Aleksandar Mishkov: Point Nemo - the place furthest from land [Point Nemo – der landfernste Punkt]. In: documentarytube.com.