Naturschutzgebitt Lannebur

D'Naturschutzgebitt Lannebur war fir eng kuerz Zäit en Naturschutzgebitt an de Gemenge Fréiseng a Weiler zum Tuer. Süd-ëstlech vum Schlammestee erstreckt sech e Fiichtgebitt, wouvun 286 ha (70 ha Kärzon an 216 ha Pufferzon) den 1. Juli 2009 ënner Naturschutz gestallt goufen.

Den 8. Juli 2010, gouf de Règlement grand-ducal vum Verwaltungsgeriicht wéinst Formfeeler bei der Propositioun annuléiert[1].

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Annulatioun vum Reglement