Nationalen Observatoire Athen

Den Nationalen Observatoire Athen ass en astronomeschen Observatoire zu Athen a Griicheland. E gouf 1842 gegrënnt an zu groussen Deeler vum Simon vu Sina finanzéiert. Déi astronomesch Observatiounen hunn 1847 ugefaangen. Den Haaptsëtz ass um Nymphenhiwwel vis-à-vis vun der Akropolis am Zentrum vun Athen.

Nationalen Observatoire Athen

Geschicht änneren

 
Den Observatoire, fotograféiert vun der Akropolis.

Bei der Ausaarbechtung vun de Pläng vum Gebai war den Astronom a spéideren Direkter vum Observatoire, de Georg Constantin Bouris bedeelegt. Mam architektoneschen Entworf gouf den Theophil Hansen beoptraagt, et ass dat éischt Wierk vum spéidere weltbekannte Baumeeschter. Nodeems de Bouris schwéier krank war an d'Plaz nëmmen interimsweis vum Ioannis Papadakis besat war, gouf d'Plaz nei ausgeschriwwen. 1858 gouf de Johann Friedrich Julius Schmidt Direkter. Hie blouf och nach no senger Pensioun, bis zum Rescht vu sengem Liewen, zu Athen. Am Observatoire hat hie méi wéi 70.000 Observatioune vu verännerleche Stäre gemaach. Weider hat hien och Koméiten an Meteore studéiert an hat zwou Supernovaen entdeckt. De Schmidt initiéiert d'Annalen Publications of the Observatory of Athens.

Nodeem d'Mëttele vun der Schenkung vum Sina eriwwer waren, goung den Observatoire an de Besëtz vum Staat iwwer. 1890 gouf den Observatoire als staatleche Fuerschungszentrum organiséiert, an Ofdeelunge fir Meteorologie a Seismologie vergréissert. Si goufen 1942 als Instituter ëmgenannt an 1950 ëm een Institut fir Ionospherefuerschung erweidert.

Instituter änneren

Zanter 1999 si follgend Instituter dorënner zesummegefaasst:

 
Gebai vum Aristarchos-Teleskop

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Observatorium Athen – Biller, Videoen oder Audiodateien