D'National Bowl, och dacks Milton Keynes Bowl genannt, ass eng Event-Plaz an der englescher Stad Milton Keynes. Et ass eng vun den beléiftste Plaze fir Open-Air Concerten an England. Si gouf 1979 ugeluecht, an zanterhier hu schonn eng Rëtsch weltbekannte Bands do gespillt, wei zum Beispill AC/DC (2001), Bon Jovi (1989, 1993, 1996, 2001, 2006), Bryan Adams (1991), Deep Purple (2006), Foo Fighters (1998), Green Day (2005), Linkin Park (2008), Megadeth (1993, 2001), Metallica (1993, 1999), de Michael Jackson (1988), Queen (1982), Robbie Williams (2001, 2006), Nickelback (2006) a Satus Quo (1984), fir der nëmmen e puer ze nennen.

Bei engem Concert vu Thunder 2006 um Monsters of Rock-Festival

Livealben änneren

Ënner anerem d'Rockbands Linkin Park, Queen, Green Day a Status Quo hu mat Road To Revolution - Live At Milton Keynes (Linkin Park, 2008), Queen On Fire - Live At The Bowl (Queen, 1982, verëffentlecht 2004), Bullet In A Bible (2005) an End Of The Road (Status Quo, 1985) Live-CD/DVDe vun hirem Concert an der National Bowl erausbruecht. End Of The Road war de leschte Concert vu Status Quo als Tourband.

Den Numm "National Bowl" kënnt vun der Form vun der Plaz, déi engem Amphitheater gläicht. D'Plaz ass entstane wéi eng fréier Leemkaul vun den Zillefabrécken aus der Géigend opgefëllt gouf, a ronderëm en Talli an Niereform, mat Terrassementsreschter ugeluecht gouf. Den Hallefkrees huet e Radius vu ronn 250 Meter.

1992 hat Sony/Pace d'Plaz kaaft, an eng festgebaute Bün opgeriicht.

Geographesch Koordinaten: 52° 01’ 07’’ N 00° 45’ 37’’ W