Nathalie Meier-Hottua

lëtzebuergesch Bloggerin an Autorin


D' Nathalie Meier, gebuer de 25. November 1970 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Autorin.

Nathalie Meier-Hottua
Gebuer 25. November 1970
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Blogger, Schrëftsteller

Si huet dat éischt an eenzegt (Stand: 2019) Buch iwwer Paleo geschriwwen.

D'Nathalie Meier-Hottua huet vun 1991 bis 2009 als Investmentberoderin am Bankesecteur geschafft, a schafft zanterhier als Beroderin bei enger lëtzebuergescher Verméigensverwaltungsfirma a kommentéiert fir déi och reegelméisseg freides op RTL Tele Lëtzebuerg d'Aktivitéit op de Finanzmäert.

An hirer Fräizäit beschäftegt si sech mat Theme ronderëm Gesondheet, Gewiichtsproblemer an der Fitness an der moderner Gesellschaft, an ausserdeem der Evolutiounsgeschicht vum Mënsch, der Paleontologie, der (Epi)Geneetik an der Biochimie. Si huet en Zousatzstudium als Primal Health Coach, dee vum amerikanesche Gesondheetscoach Mark Sisson ausgeschafft gi war.

Si ënnerhält e Blog[1] an eng Facebooksäit[2] iwwer gesond Liewensféierung a Gesondheet.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. revolution.lu
  2. https://www.facebook.com/revolution.lu/