D'Nasobēm, ass e Fabeldéier, dat op sengen Nuese lafe soll. Erfonnt gouf et vum Dichter Christian Morgenstern:

Das Nasobēm
Auf seinen Nasen schreitet
einher das Nasobēm,
von seinem Kind begleitet.
Es steht noch nicht im Brehm.
Es steht noch nicht im Meyer.
Und auch im Brockhaus nicht.
Es trat aus meiner Leyer
zum ersten Mal ans Licht.
Auf seinen Nasen schreitet
(wie schon gesagt) seitdem,
von seinem Kind begleitet,
einher das Nasobēm.
D'Nasobēm
Op sengen Nuese kënnt
d'Nasobēm dohier,
vu sengem Kand begleet.
Et steet nach net am Brehm.
Et steet nach net am Meyer.
An och am Brockhaus net.
Et koum aus menger Leyer
fir d'éischt Kéier un d'Luucht.
Op sengen Nuese kënnt
(wéi scho gesot) zanterhier,
vu sengem Kand begleet,
d'Nasobēm dohier.

D'Nasobēm ass e klassescht Beispill vun der Literaturwëssenschaft, wéi eng iwwermiddeg Iddi vun engem Dichter eng Hellewull vun änleche Schrëften zur Folleg krut. Mëttlerweil steet d'Nasobēm als Nihilartikel souguer am Meyer an am Brockhaus.

Literatur

änneren
  • Morgenstern, Christian: Alle Galgenlieder. Insel-Verlag, Wiesbaden 1947/1972, ISBN 3-458-31706-6
  • Stümpke, Harald: Bau und Leben der Rhinogradentia. Spektrum Akademischer Verlag, 2001, ISBN 3-8274-1196-3