Nasir al-Mulk-Moschee
D'Nasīr al-Mulk Mosque (Farsi: مسجد نصیر الملك) - Masjed-e Nasir ol Molk) ass eng traditionell Moschee zu Shiraz, Iran, op der Goade-e-Araban-Plaz.
Se gouf an der Qājār-Epoch, tëscht 1876 an 1888, op Uerder vum Mirza Hasan Ali Nasir al Molk, engem vun den Herrscher vun der Qajar Dynastie, gebaut.
Architekte waren de Muhammad Hasan-e-Memar an de Muhammad Reza Kashi Paz-e-Shirazi.
An der Fassad vun der Moschee ass besonnesch vill faarwegt Glas verschafft, an et sinn och aner traditionell Design-Elementer ze gesinn, wéi de Panj kāseh-i (fënnef Konkaven).
D'Moschee gouf restauréiert, an se gëtt geschützt an ënnerhale vun enger Fondatioun, der Nasir Al-Molk Endowment Foundation.
Galerie
änneren-
Bannenhaff
-
Süd-Arkad.
-
Vue op de Plaffong an e "Panj kaseh-i".
-
Sonnenënnergang
-
Plaffong vun engem vun de Verwëllefer
-
En anere Plaffong
-
Interieur
Um Spaweck
ännerenCommons: Nasir al-Mulk-Moschee – Biller, Videoen oder Audiodateien |