Nancy Fish
amerikanesch Schauspillerin
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Nancy Fish, gebuer de 16. Mäerz 1938 zu Spokane am Bundesstaat Washington als Nancy Gayle Fisch, ass eng US-amerikanesch Filmschauspillerin[1].
Nancy Fish | |
---|---|
Gebuer | 16. Mäerz 1938 |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller |
D'Fish war Member vun der Kaméidisgrupp "The Committee", déi an de Joren 1960 vum Del Close gegrënnt gouf[2]. Si huet hir Karriär a Filmer 1963 ugefaangen[1]. D'Schauspillerin gouf gréisstendeels mat der Nieweroll als Nurse Inness an der Tëleesserie The X-Files[3], an och mat der Roll als Nurse Allerton am Horrorfilm The Exorcist 3 (1990)[4] bekannt.
Si ass d'Mamm vun der Schauspillerin a Mannequin Natasha Silver[1].
Filmographie (Auswiel)
änneren- 1979: More American Graffiti
- 1981: An Eye for an Eye
- 1982: Shoot the Moon
- 1983: Sudden Impact
- 1984: Birdy
- 1986: Howard the Duck
- 1987: Hiding Out
- 1988: Two Moon Junction
- 1988-89: Roseanne (Tëleesserie, 4 Episoden)
- 1989: Cutting Class
- 1989: Troop Beverly Hills
- 1989: The Fabulous Baker Boys
- 1990: The Exorcist 3
- 1991: Sleeping with the Enemy
- 1992: Beethoven
- 1992: Death Becomes Her
- 1992: Dr. Giggles
- 1993: Ghost in the Machine
- 1994: The Mask
- 1997: The X-Files (Tëleesserie, eng Episod)
- 2005: Kiss Kiss Bang Bang
- 2008: Surfer, Dude
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 Fiche op IMDb (en)
- ↑ Kim Howard Johnson. The Funniest One in the Room: The Lives and Legends of Del Close - S. 119 - Chicago Review Press, 2008 - ISBN 978-1-55652-712-8
- ↑ Frederick S. Clarke. Cinefantastique, Vol. 29 - S. 125, 1997
- ↑ https://www.horrorreview.com/the-exorcist-3/