Beim sougenannten Najadesteen handelt et sech ëm e réimesche Steequader mat engem Relief drop, dee fréier zu Iechternach am ënneschten Deel vum éischte Pilier vun der aler Sauerbréck ze gesi war.

Najadesteen. Fig. 366 aus dem A. Wiltheim sengem Luxemburgum Romanum

Déi éischt Beschreiwung vun dësem Stee staamt aus dem 17. Joerhonnert; si ass am Luxemburgum Romanum vum Alexander Wiltheim ze fannen,[1] deen net preziséiert huet, op wat fir engem Pilier de Steen ze gesi war. Op der Zeechnung, déi hien als Illustratioun zu sengem Text gemaach huet, sinn zwou schréi orientéiert mënschenähnlech Figuren ze gesinn, déi mat deem engen Aarm e Kranz héichhalen a mat deem aneren Aarm liicht no ënne weisen. Si hu Been, déi an eng Aart Fëschschwanz oder Floss iwwerginn, an um Réck eppes wéi e Flillek oder eng Floss. De Wiltheim huet si als Najade betruecht a sech gefrot, ob si hirer Mamm, der Sauer, huldege géifen.[2]

De Jean Bertholet, dee méi wéi en halleft Joerhonnert méi spéit dem Wiltheim seng kuerz laténgesch Beschreiwung deelweis op Franséisch iwwersat huet, huet dat manner virsiichteg formuléiert an ouni ze zécken geschriwwen, déi zwou Najade géife mat hirem Kranz de Gott vun der Sauer, déi hei besonnesch vill Waasser géif féieren, kréinen:

Sur le pont de la Sure à Epternach, deux Naïades, la queuë, les ouyes, ou nageoires rejettées sur le dos, élèvent de leurs mains une couronne. C'est pour couronner le Dieu de la Sure, dont les eaux se trouvent là beaucoup grossies.[3]

De Michael Franz Joseph Müller huet och vun dësem Steen geschwat,[4] grad wéi de Louis L'Évêque de la Basse-Moûturie, dee géint 1837 zu Iechternach war a bei deem et beim Theema Sauerbréck heescht:

On y remarque sur la base du premier pilier du côté de l'orient, deux syrènes sculptées en bas-relief et qui couronnent le dieu de la Sûre.[5]

De Jean Engling ernimmt de Steen eng éischt Kéier an enger Publikatioun vun 1848[6] an da méi am Detail 1854, wou hien am Kapitel Der Najadenstein zu Echternach schreift:

Dieser Stein liegt eingemauert im untern Theile des letzten gegen die Stadt zu gelegenen Brückenerken und hat 13 Dezimeter in der Länge. Die auf ihm abgebildeten halbmenschlichen Wesen sind zwei in Fischschweife endende Najaden, mit Floßfedern statt Flügel auf dem Rücken. Sie halten einen Kranz in die Höhe, um dadurch wahrscheinlich dem Sauergott ihre Huldigung darzubringen.[7]

De Jean-Pierre Brimmeyr goung spéider nach e bësse méi weit; hien huet déi zwou Najaden als Personifizéierung vun de Haaptnieweflëss vun der Sauer, der Our an der Prüm, déi dem Haaptfloss huldegen, opgefaasst.[8] Spéider Auteuren, déi de Relief net méi mat eegenen Ae gesinn hunn, hunn souguer gemengt, hie géif de Flossgott (Sauer) duerstellen, dee vun den Najaden, de Gëttinne vun der Our an der Prüm, gekréint géif ginn.[9]

Wéi de Brimmeyer säi Manuskript verfaasst huet, war den Najadesteen allerdéngs nach um Fouss vum éischte Pilier vun der Bréck um rietse Sauerufer ze gesinn, och wann hie meeschtens vu Sand oder Knascht verdeckt a bei Héichwaasser guer net ze gesi war.[8] An den 1870er Joren ass hien awer am Damm vun der Sauerlinn vun der Prënz-Hary-Eisebunn mat agemauert ginn,[10] an do misst hien eigentlech nach ëmmer sinn.[11]

De Brimmeyr huet gemengt, den Najadesteen wier méiglecherweis dat iewescht Stéck vun engem méi grousse réimesche Konschtwierk, enger Allegorie vum Handel op der Sauer, déi an enger méi opfälleger Positioun an engem vun de mëttlere Feilere vun der Bréck agebaut gewiescht wier.[8] Da wier de Steen also eréischt méi spéit an de Fouss vum éischte Pilier komm, wou e quasi net méi ze gesi war. Fir déi modern Archeologie ass de Steen e Spoliëstéck, dat ursprénglech zu engem réimesche Grafmonument gehéiert huet an näischt mat der Bréck ze doen hat.[12] Domat sinn all déi fréier allegoresch Spekulatiounen hifälleg. An domat ass och kloer, datt den Najadestee kee Beweis dofir ass, datt d'Piliere vun der Bréck, sou wéi si nach am 19. Joerhonnert do stoungen, aus der Réimerzäit gewiescht wieren.[13]

Literatur änneren

  • J.P. Brimmeyr, 1921. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 1. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 320 S.
  • Engling, J., 1854. Die noch vorhandenen Römersteine des Luxemburger Landes. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg, 9 (1853), S. 65-88, Pl. III.
  • Metzler, J., J. Zimmer & L. Bakker, 1981. Ausgrabungen in Echternach. Luxembourg, 394 S. (Publication du Ministère des Affaires Culturelles et de la Ville d'Echternach)
  • Neyen, A., 1841. Luxemburgum Romanum (…) a Alexandro Wilthemio (…). Opus posthumum, a Med. Doctore Aug. Neÿen (…) nunc primum in lucem editum. - Icones. [Luxemburgi, apud J.P. Kuborn], 484 Fig. [2]
  • Neyen, A., 1842. Luxemburgum Romanum (…) a Alexandro Wilthemio (…). Opus posthumum, a Med. Doctore Aug. Neÿen (…) nunc primum in lucem editum. Luxemburgi, apud J.P. Kuborn, 336 S. [3]
  • Société d'Embellissement, 1966. Echternach. Guide officiel de la Petite Suisse Luxembourgeoise et de la Basse-Sûre. Société d'Embellissement et de Tourisme d'Echternach (éd.), Luxembourg, Bourg-Bourger, 208 S.
  • Spang, P., 1983. Echternach: Geschichte einer Stadt. Luxemburg, RTL Edition, 125 S.
  • Verschönerungsverein, 1912. Echternach und Umgebung. Luxemburger Schweiz. Führer herausgegeben vom Echternacher Verschönerungsverein. 3. Aufl. Luxemburg, Druck von M. Huss, 114 S.
  • Weber, H.T., 1997. Brücken über die deutsch-luxemburgische Grenze. Gollenstein, Blieskastel, 421 S. (Sauerbréck Iechternach: S. 233-250).

Referenzen änneren

  1. Neyen 1842, S. 292: In his [réimesch Iwwerreschter zu Iechternach] est pons Surae impositus, pilis praesertim infimis, in quarum una hoc saxum (Vide fig. 366). Naiades duae in piscem exeuntes branchias atque pinnas alarum vice tergo emittentes, manibus sertum extollunt. An in Surae parentis obsequium? Certè altera earum subterlabentem manu, fibrini pedis more uncata monstrat, ceu indicatura ipsi praetendi coronam.
  2. Neyen 1841, fig. 366; Neyen 1842, S. 292.
  3. Bertholet, J., 1741. Histoire ecclésiastique et civile du Duché de Luxembourg et Comté de Chiny, tome 1. Luxembourg, A. Chevalier, S. 430.
  4. Die Altertümer des Echternacher Kantons, § 4 (fide Engling 1854, S. 74); Das Städtchen Echternach. Echternach, 1823 (fide Weber 1997, S. 249).
  5. L'Évêque de la Basse-Moûturie: Itinéraire du Luxembourg germanique, ou Voyage historique et pittoresque dans le Grand-Duché. Luxembourg, Libr. V. Hoffman, 1844, S. 240. [1]
  6. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg 4, S. 98-109 (fide Weber 1997, S. 249).
  7. Engling 1854, S. 74.
  8. 8,0 8,1 8,2 Brimmeyr 1921, S. 131.
  9. Verschönerungsverein 1912, S. 20; Société d'embellissement 1966, S. 62.
  10. Verschönerungsverein 1912, S. 20.
  11. Spang 1983, S. 16.
  12. Metzler et al. 1981, S. 10. — D'Figur 367 aus dem "Luxemburgum Romanum" allerdéngs, déi och bei Metzler et al. 1981 op der Säit 10 ofgebilt ass, staamt net, wéi do steet, vun der Iechternacher Bréck, mä war, wéi dat beim Wiltheim (S. 292) nozeliesen ass, op engem Steen ze gesinn, deen an der Mauer vun der Abtei agebaut war.
  13. Kuckt och: Weber 1997, S. 236.