Den Nagant Revolver Mod. 1895 staamt vun de belsche Bridder Emile a Léon Nagant (deen och um russesche Mosin-Nagant Gewier bedeelegt war). D'Produktioun goung 1895 zu Léck an der Belsch un an dräi Joer duerno och a Russland, wou de Revolver immens Verbreedung bei Police, Arméi, NKWD a spéider och KGB fonnt huet. Duerch seng remarkabel Form a säin Numm krut en e gewësse Kultstatus, a sou verwonnert et net, datt seng Produktioun nach bis 1950 weidergoung, obwuel en zanter 1933 lues a lues duerch den TT-33 ofgeléist sollt ginn. Intressant ass, datt et zwou Versiounen dovu gouf, d'Single action fir déi einfach Zaldote an d'Double action fir d'Offizéier.

Nagant Revolver mat zwou Patrounen

A Pole gouf e vun 1930 bis 1935 zu Broni mat den ale belsche Maschinnen an de Radomfabrécke produzéiert. Dëst ënner der Bezeechnung Ng 30 a baugläich mam Nagan 1895, bis op e méi breeden Dar vum Hummer an dem Ofzuch.

Den Nagant Revolver ass komplett gasdicht, wat en absënns fir de Gebrauch mat Schalldämpfer eegent. E komplizéierte Mechanissem dréckt bei all Schoss d'Trommel no fir, sou datt d'Spléck tëscht Trommel a Laf komplett zou ass. Dowéinst ass och den eenzegaartege 7,62 Nagant Kaliber (7,62×38R) erfonnt ginn, bei deem de Patrounemantel bis iwwer d'Spëtz erausgeet. An d'Trommel gi bis zu siwe Patrounen, deenen hir eidel Hülsen een nom Schéisse ganz onkamoud eng no där anerer erausstousse muss, well een d'Trommel net erausklappe kann.

Um Spaweck änneren

Commons: Nagant Mod. 1895 – Biller, Videoen oder Audiodateien