NGC 768
Galaxie
Den NGC 768 ass eng Spiralgalaxie vum Hubble-Typ SB(r)bc pec? am Stärebild Cetus.
Si ass ronn 325 Millioune Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech an huet en Duerchmiesser vun zirka 210.000 Liichtjoer.
D'Galaxie gesäit zerrappt aus, huet e "Schwanz" op sengem südlechen Enn a grouss Stäregenesisgebidder. Déi nëmmen 8.000 Lj. grouss Begleetgalaxie SDSS J015840.07+003.148,6 schéngt grad vun der grousser Galaxie „verschlongen“ ze ginn.
Stärebild |
Cetus (Cet) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 01h 58m 40,8s |
Deklinatioun | 00° 31' 44" |
Ausgesinn | |
Hubble-Sequenz | SB(r)bc pec? |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 325 Mio. |
Routverrécklung | 0,023419[1] |
Radialvitess | 7020 |
Absolutten Duerchmiesser | 210.000 |
Geschicht | |
Entdecker | Lewis A. Swift |
Entdeckungsdatum | 2. Dezember 1885 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
NGC | 768 |
PGC | 7465 |
D'Galaxie gouf den 2. Dezember 1885 vum Astronom Lewis A. Swift entdeckt[2].