Den NGC 4151 ass eng Balkespiralgalaxis vum Typ SBab a läit am Stärebild Canes Venatici. D'Galaxis huet eng Wénkelausdeenung vu 6,3' × 4,5' an eng visuell Magnitude vun 10,3 mag. Si gouf de 17. Mäerz 1787 vum Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

NGC 4151
Den NGC 4151. Blo: Röntgenstralung, Giel: Optesch, Rout: Radiowellen
Stärebild Canes Venatici (CVn)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 12h 10m 32.6s
Deklinatioun + 39° 24' 20.6"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz (R')SAB(rs)ab: Sy1.5
Visuell Magnitude 10,3 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
11,1 mag mag
Wénkelduerchmiesser 6,3′ × 4,5′
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 13,8
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 62 Mio Lj
Routverrécklung (+3319 ± 10)  10-6
Radialvitess (+995 ± 3)
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 17. Mäerz 1787
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
GC 2756
h 1111
H 1.165
KUG 1208+396A
MCG +7-25-44
NGC 4151
PGC 38739
UGC 7166
ZWG 215.45

D'Spiralgalaxis NGC 4151 ass 62 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Dat ass d'Resultat vun enger neier Miessmethod, déi vu Fuerscher aus Dänemark, Groussbritannien a Japan entwéckelt gouf. D'Team huet e Stëbsrank benotzt fir dat supermassiivt Schwaarzt Lach am Zentrum vum NGC 4151 prezis ze bestëmmen. Déi nei Method kéint an Zukunft nei a méi genee Vermiessungen am Weltraum erméiglechen.

Dat Schwaarzt Lach am Zentrum vum NGC 4151 ass aktiv, et fält also Matière dran, hëtzt sech dobäi op a sent dann ënner anerem energieräich ultraviolett Stralung aus. Déi UV-Stralung erwäermt e Rank aus Stëbs, deen duerch d'Opwiermung am Infraroutberäich opliicht. Den Trick vum Sebastian Hönig vun der brittescher University of Southampton a senge Kolleegen: D'Fuerscher hunn déi zäitlech Differenz gemooss, mat där Stralungsschwankungen am UV- an am Infraroutberäich optrieden. Déi dauert 30 Deeg – déi ultraviolett Stralung brauch also 30 Deeg, fir vum Schwaarze Lach bis an de Stëbsrank ze kommen. Mat der bekannter Ausbreedungsvitesse vun der Stralung – der Liichtvitess – ergëtt sech doraus de reale Radius vum Stëbsrank.

Mat Hëllef vun héichopléisenden interferometreschen Observatioune mat de béiden zéng Meter grousse Keck-Observatoiren op Hawaii konnt d'Team ausserdeem de Wénkelduerchmiesser vum Stëbsrank moossen: Hien ass 12 Milliounstel Grad grouss. Mat deem aus der zäitlecher Differenz bestëmmte Radius ergëtt sech doraus da mat Hëllef vun einfacher Trigonometrie d'Distanz vum Himmelsobjet. (Stand: Dezember 2014)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 4151 – Biller, Videoen oder Audiodateien