Den NGC 2346, och wéi verschidden anerer wéinst dem Ausgesinn Päiperleksniwwel genannt, ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Monoceros, deen 2.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Den NGC 2346 gehéiert zum Duebelstäresystem HD 293373. Déi zwéi Stären ëmkreese sech all 16 Deeg.

Date vum NGC 2346
Planetareschen Niwwel NGC 2346 Foto vum Hubble Space Telescope
Stärebild Monoceros (Mon)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 7h 9m 23,01s
Deklinatioun -0° 48' 32,9"
Ausgesinn
Niwweltyp Planetareschen Niwwel
Visuell Magnitude +11,6 m
Wénkelduerchmiesser 0,87' × 0,87'
Physikalesch Daten
Gehéiert zu der Mëllechstrooss
Distanz 2000 Liichtjoer
Absolutten Duerchmiesser 1 Liichtjoer
Katalognimm
NGC 2346, PK 215+3.1

Entdeckung änneren

De planetareschen Niwwel NGC 2346 gouf de 5. Mäerz 1790 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren