Musekswëssenschaft
D'Musekswëssenschaft (engl. musicology) ass d'Bezeechnung fir déi wëssenschaftlech Disziplin, déi sech virun allem ëm d'theoreetesch Beschäftegung mat der Musek dréint, d. h. d'Erfuerschung an d'Reflexioun vun allen Zorte vu Musek. D'Musekswëssenschaft gëtt am däitschsproochege Raum an d'Beräicher historesch a systematesch Musekswëssenschaft an a Musekethnologie ënnergliddert. Dës Dräideelung geet zeréck op een vun deenen éischten däitschsproochege Musekwëssenschaftler, den Éisträicher Guido Adler (1855-1941).
Déi historesch Musekswëssenschaft beschäftegt sech virun allem mat der Geschicht vun der europäescher Konschtmusek a mat hire veschiddenen Deelgebidder:
- Instrumentenkunde (historesch)
- Notatiounskunde (historesch)
- Sazkunde
- Ikonographie
- Quellenkunde
- Terminologie
- Opféierungspraxis
- Biographie
- Stilkunde
- Musekästhetik am historesche Wandel
Deelgebidder vun der systematescher Musekswëssenschaft sinn z. B.:
- Musikalesch Akustik
- Héierpsychologie
- Musekphilosophie
- Stëmmphysiologie a Gehéierphysiologie
- Physiologie vum Instrumentalspill
- Museksoziologie
- Musekpsychologie
- Musekpädagogik
Deelgebidder vun der Musekethnologie sinn ënner anerem:
- aussereuropäescher Konscht- a Volleksmusek
- europäescher Volleksmusek
- populär Musek
- Ikonographie
- Terminologie
Hëllefswëssenschaften:
D'Musekswëssenschaft ass eng staark interdisziplinär ausgeriichten Wëssenschaftung. Si steet mat villen aneren Disziplinnen am Zesummenhang, ënner anerem:
- Philologie,
- Literaturwëssenschaft,
- Konschtwëssenschaften,
- Philosophie,
- Konschtgeschicht,
- Theaterwëssenschaft,
- Psychologie, speziell och Gestaltpsychologie respektiv Gestalttheorie
- Medezin,
- Physik, Akustik,
- Sproochwëssenschaft,
- Soziologie,
- Ethnologie,
- Reliounswëssenschaft a
- Kommunikationswëssenschaften.