Musée communal vun Herstal

De Musée communal vun Herstal ass an engem ale Haus dat der Famill de Lovinfosse gehéiert huet, a 1664 gebaut gouf. En ass am typesche Stil vun der belscher Meusegéigend gebaut, mat Gewänner an Ënnerzich aus bloem Steen. D'Mauere si mat rouden Zille gebaut, an typesch fir déi Zäit sinn déi kleng Fënsterkräizer.

De Musée communal vun Herstal op der Place Licour

D'Haus gouf 1932 vun der Gemeng kaaft, an 1971 komplett restauréiert.

An de verschiddene Säll kritt een eng Iwwersiicht iwwer d'Geschicht vun Herstal, vun der Virgeschicht bis haut.

Ënner anerem gëtt d'Zäit vun de Merowenger an de Karolenger, besonnesch d'Zäit vum Karel dem Groussen explizéiert, a wat fir Herstal net feelen däerf d'Waffefabréck FN mat villen Austellungsstécker.