Mouvement patrimonial – Eng Initiativ fir den Denkmalschutz

De Mouvement patrimonial – Eng Initiativ fir den Denkmalschutz (eege Schreifweis: Mouvement Patrimonial - Eng Initiative fir den Denkmalschutz) ass eng lëtzebuergesch Vereenegung ouni Gewënnzweck déi sech zum Zil gesat huet, sech fir d'Bauierwen zu Lëtzebuerg anzesetzen a fir et ze erhalen.

Mouvement patrimonial – Eng Initiativ fir den Denkmalschutz
Sëtz 67, Rue des Sept-Arpents
L-1139 Lëtzebuerg
Websäit www.mouvement-patrimonial.lu

Si gouf 2018 gegrënnt an huet hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.

D'Denkmalschutzorganisatioun ass ee vun de Grënnungsmembere vun der Lëtzebuerger Denkmalschutzfederatioun.

  • Erstellen an Uwenne vu wëssenschaftleche Krittäre bei der Ënner-Schutzstellung;
  • Erstellen vun engem wëssenschaftlechen Inventaire;
  • Erhalt ass vun ëffentlechem an allgemengem Notzen;
  • Koordinatioun oder Fusioun vun de legalen Instrumenter op kommunalem an nationalem Niveau;
  • Kreatioun vun engem “Fonds du patrimoine”;
  • Unerkennung vum ekonomeschen an touristeschen Notzen;
  • Integratioun vun der Wëssensvermëttlung an de Schoulprogramm;
  • Ëmsetzung vun de Recommandatiounen aus den internationale Konventiounen (Grenada, Venedeg, Florenz).

Um Spaweck

änneren