Mounddäischtert vum 27. Juli 2018

Total Mounddäischtert
27. Juli 2018

Usiicht vum Bluttmound an Italie wärend der Totalitéit
Ekliptik Norden uewen

De Mound beweegt sech duerch de Kärschied vun der Äerd.
Saroszyklus 129 (38 von 71)
Gamma +0.1168
Dauer (Stonnen:Minutten:Sekonnen)
Totalitéit 1:42:57
Partialitéit 3:54:32
Penumbralitéit 6:13:48
Kontakter (UTC)
P1 (Ufank Penumbralitéit) 17:14:49
U1 (Ufank Partialitéit) 18:24:27
U2 (Ufank Totalitéit) 19:30:15
Maximum vun der Däischtert 20:21:44
U3 (Enn Totalitéit) 21:13:12
U4 (Enn Partialitéit) 22:19:00
P4 (Enn Penumbralitéit) 23:28:39

D'Mounddäischtert vum 27. Juli 2018 war no der Mounddäischtert vum 31. Januar 2018 déi zweet a lescht Mounddäischtert am Joer 2018 an déi längst Mounddäischtert vum 21. Joerhonnert.

Wärend dem Passage vun iwwer sechs Stonnen duerch den Äerdschiet huet de Mound sech bal zentral duerch de Kärschiet vun der Äerd beweegt, an de Bluttmound gouf dofir besonnesch däischter. D'Totalitéit huet knapps eng Stonn an 43 Minutte gedauert.

Et war déi 38. Mounddäischtert vum 129. lunare Saroszyklus.

Siichtbarkeet änneren

De ganze Verlaf vun der totaler Mounddäischtert war an Ostafrika, a Süd- an an Zentralasien souwéi am Indeschen Ozean an an der Antarktis ze gesinn. Wärend dem Moundopgank war s'a Südamerika, Westafrika an an Europa a wärend dem Moundënnergank an Ostasien an an Australien ze gesinn.

 
Usiicht vun der Äerd vum äerdnächste Punkt vum Mound wärend der maximaler Däischtert
 
Weltkaart mat de Siichtbarkeetsgrenzen

Europa änneren

An Europa war den Iwwergank an den Hallefschiet (Zäitpunkt P1 = Ufank Penumbralitéit) net ze gesinn, well de Mound eréischt dono wéi en an de Kärschiet koum (Zäitpunkt U1 = Ufank Partialitéit) am Südosten opgoung. Bei de meeschten europäeschen Observatiounsphase war hien eréischt wärend der Totalitéit (nom Zäitpunkt U2) ze gesinn, well hien eréischt dunn héich iwwer dem Horizont stoung. De Maximum vun der Däischtert war um 22:22 Auer (MESZ = UTC + 2 Stonnen). De ganze Virgank vum Verloossen aus dem Äerdschiet konnt bei fräier Siicht vun 23:13 Auer (MESZ) observéiert ginn. Beim Moundënnergank war de Mound schonn nees als Vollmound ze gesinn.

Observatioune vu verschiddene Plazen änneren

Gläichzäiteg Marsoppositioun änneren

 
Mars a Bluttmound ëm 19:48 UTC vun Australien aus gesinn
 
Bluttmound e puer Minutten nom Verloosse vun der Kärschietzon zesumme mam Mars dee gutt sechs Grad weider ënne steet, Berlin ëm 21:18 UTC

Gläichzäiteg mat der Mounddäischtert, bei där de Mound an Oppositioun zu der Sonn stoung, war och de Mars dee gutt sechs Grad ënner dem Mound stoung an Oppositioun zu der Sonn a sou ganz no bei der Äerd a bal an enger Linn mam Äerd-Mound-System.

De Mars stoung dobäi zimmlech no bei der Äerd an hat doduerch och méi eng grouss visuell Hellegkeet vu bal -3 m. De visuelle Marsduerchmiesser (circa 24 Bousekonnen[1]) war ongeféier 70-mol méi kleng wéi de visuelle Moundduerchmiesser (circa 29,5 Bouminutten[2]).

Sou eng Konstellatioun vu gläichzäiteger Mound- a Marsoppositioun gëtt et nëmmen all 25.000 Joer.

Um Spaweck änneren

Commons: Lunar eclipse of 2018 July 27 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Mars/Daten 27. Juli 2018, CalSky, gekuckt den 8. August 2018
  2. Mond/Daten 27. Juli 2018, CalSky, gekuckt den 8. August 2018