Haaptplatinn
(Virugeleet vu(n) Motherboard)
Eng Haaptplatinn oder Zentralplatinn (en: mainboard oder motherboard) ass bei engem Computer eng zentral Platinn, op där déi eenzel Komponente wéi den Haaptprozesser (CPU), den Aarbechtsspäicher, de BIOS-Chip mat der integréierter Firmware, Interface-Komponenten a Stiechplazen (en: slots) fir Erweiderungskaarten (z. B. d'Graphikkaart oder d'Soundkaart) montéiert sinn; déi dofir néideg Leederbunne sinn op méi Loen (Layer) opgedeelt.
Typesch Haaptplatinnen
änneren-
Haaptplatinn fir 80286er CPUs, Enn vun den 1980er Joren
-
Haaptplatinn mat 80386DX-CPU, Ufank vun 1990er Joren
-
Mainboard vum Dell System 325P mat i386DX.
-
Haaptplatinn fir 80486er-CPUs.
-
Sockel-7-AT- Haaptplatinn, Baujoer 1996
-
Super-Sockel-7-ATX- Haaptplatinn, Baujoer 1999
-
Server-Haaptplatinn fir zwee AMD Opteron-CPUs
-
Haaptplatinn fir Sockel 775 (ënnerstëtzt Core 2 Duo/Quad), kaaft 2008. CPU a RAM si schonn installéiert.
Um Spaweck
ännerenCommons: Computer motherboards – Biller, Videoen oder Audiodateien |