Moossstaf (Kartographie)

De Moossstaf ass de permanente Rapport tëscht der Distanz vun zwéi Punkten op der Kaart an der Distanz vun dësen zwéi Punkten um Terrain.

Et gëtt tëscht dem numeresche Moossstaf an dem graphesche Moossstaf ënnerscheet.

Numeresche Moossstaf änneren

Mat Hëllef vum numeresche Moossstaf kann een d'Distanz ausrechnen:

  • "D" ass eng horizontal Distanz tëscht zwéi Punkten um Terrain (a km ausgedréckt).
  • "d" ass d'Distanz tëscht deene selwechten zwéi Punkten op der Kaart (an cm ausgedréckt).
  • "M" ass de Moossstaf

Mir hunn: D=d*M oder d=D:M oder M=D:d

Graphesche Moossstaf änneren

 
D'Legend vun enger Mier-Kaart

Mam graphesche Moossstaf gëtt d'Distanz direkt op der Kaart gemooss, änlech wéi mat engem Lineal.

Um Spaweck änneren

Commons: Moossstaf – Biller, Videoen oder Audiodateien