Monument fir d'30. US-Infantriedivisioun zu Aubel

DMonument fir d'30. US-Infantriedivisioun zu Aubel erënnert un d'gefalen amerikanesch Zaldote vun der 30. US-Infantriedivisioun, déi tëscht 1944 an 1945 hiert Liewen do verluer hunn.

Monument fir d'30. US-Infantriedivisioun zu Aubel
Typ Krichsmonument
Gemeng Aubel
Plaz Aubel
Koordinaten 50° 42’ 10.88’’ N
      5° 51’ 43.41’’ O

D'Monument steet zu Aubel an der Rue de la Station eng ronn 50 Meter vun der fréierer Gare vun Aubel an engem Parterre mat enger Lann derbäi. Et ass e rechteckegen ongeféier annerhallwe Meter héije Granitsblock aus bloem Steen an op der viischter steet ënner dem Sigel vun der US-Arméi follgenden Text:

30TH
INFANTRY
DIVISION
UNITED STATES
OF
AMERICA
FOR THOSE WHO
FOUGHT AND DIED
FOR FREEDOM
1944-45
DONATED BY FRANK J. KEATON"