Monument aux morts Bech

D'Monument aux morts zu Bech ass e Monument zu Éiere vun den Affer aus dem Zweete Weltkrich. Et steet bei der Kierch.

Monument aux morts Bech
Typ Gedenkplack,
Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bech
Plaz Bech
Ageweit 27. Oktober 1968

D'Monument gouf de 27. Oktober 1968 ageweit.

D'Opschrëft vum Monument ass:

Fir all de' aus der Gemeng Bech
de' am Krich emkomm sin
Si hun a schwe'rer Zäit
Trei bekannt
T'goung fir d'Fräihet
an et goung fir d'Land
Si hun a schwe'rer Zäit
Trei bekannt
d'Liewen agesaat
zum Ënnerpand
1940-1945

Kuckt och änneren