E Monteur ass en Aarbechter, Handwierker oder Techniker deen déi verschidde Baudeeler oder Elementer vun engem Ensembel zesummesetzt oder se sou preparéiert datt se liicht zesummegebaut kënne ginn.

Monteure fënnt een am Bau, besonnesch am Stolbau, wou et schonn ëmmer e gefrote Beruff war well gutt Monteure schwéier opzedreiwe waren. Sou sinn déi bescht dervun uechter d'Welt gereest, a wa se dann net doheem waren da ware se op Montage.

Soss gëtt de Begrëff nach fir en ettlech aner Zorte vu Monteure gebraucht. Sou gëtt et:

  • De Monteur an der Typographie, deen d'Clicheeën opmontéiert;
  • Den elektresche Monteur deen all Zorte vu Linnen a Verkabelunge montéiert oder elektresch Motoren depanéiert an einfach Reparature bei elektreschen Installatioune mécht;
  • De Monteur-mecanicien oder Ajusteur deen nei Maschinnen opriicht, op der Plaz ajustéiert, an déi neideg Reglagë mécht;
  • De Monteur beim Film ass en Techniker dee sech ëm de Montage vum Film bekëmmert. Kuckt dozou: Filmediteur.