Mons Herodotus
Am Joer 1935 gouf e Krater um Äerdmound bei 23° 12' N / 49° 42' W nom griicheschen Historiker Herodot genannt. De Krater huet en Duerchmiesser vu ronn 34 km. 1976 gouf och e Moundbierg Mons Herodot genannt. Dëse steet bei 27° 30' N / 53° 00' W a weist en duerchschnëttlechen Duerchmiesser vu 5 km op.