Monkey D. Ruffy

(Virugeleet vu(n) Monkey D. Luffy)

De Monkey D. Ruffy (och als Monkey D. Luffy transkribéiert), bekannt ënner senge Spëtznimm Stréihutt Ruffy oder just Stréihutt, ass de Protagonist vum Eiichirō Oda senger Manga- an Animeserie One Piece.

Monkey D. Ruffy
Createur Eiichirō Oda
Ass en(g) fiktive Mënsch, Spillfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Schëffskapitän
Ausgesinn
Hoerfaarf schwaarz
Aefaarf schwaarz
Famill
Mamm onbekannt
Universum
Present am One Piece

Dem Ruffy säin Dram ass et Piratekinnek ze ginn. Duerfir muss hien dem Piratekinnek Gol D. Roger säi Schatz op der Insel Grandline[1] fannen. Mat 17 Joer mécht sech de Ruffy op de Wee, fir Piratekinnek ze ginn, a verléisst säin Duerf aus dem Eastblue[2]. Mat senger Piratenekipp, déi mat der Zäit ëmmer méi grouss gëtt, fiert en op der Sich nom Schatz uechter d'Welt. Dem Ruffy seng Spezialfäegkeet besteet doran, datt hie säi Kierper wéi Gummi deene kann. Hie krut déi Fäegkeet, nodeems en eng sougenannt „Däiwelsfruucht“ giess hat. Den eenzegen Nodeel vun där Fäegkeet ass, datt en net méi schwamme kann, wat als Pirat zu munch quokeleger Situatioun féiert.

Biographie änneren

De Ruffy ass als Kand vum grousse Revolutionär[3] Monkey D. Dragon[4] a vum Vize-Admirol Monkey D. Garp[5] zu Eastblue op der Windhofsmühleninsel op d'Welt komm. De Ruffy huet säi Papp awer ni richteg kennegeléiert, de Garp huet op de Ruffy opgepasst wéi hie kleng war. Säin Idol an och zugläich säi Kolleeg, de Shanks mat de rouden Hoer, deen och e Pirat ass, huet de Ruffy motivéiert, ëmmer u seng Dreem ze gleewen. De Ruffy hat eng Kéier eng Gum-Gum-Däiwelsfruucht giess a krut domat d'Fäegkeet, säi Kierper wéi Gummi ze beweegen. De Shanks war net sou frou doriwwer, well ëmmerhi konnt de Ruffy vun do un net méi schwammen. Méi spéit ass de Ruffy effektiv eng Kéier an d'Mier gefall a wier bal vun engem Mieressaurier gefriess ginn. A leschter Sekonn konnt de Shanks hie retten, huet dobäi awer säin Aarm verluer. Doropshin huet de Ruffy gekrasch an de Shanks huet dem Ruffy säi Stréihutt geschenkt an him Mutt zougesprach, fir den nächste Piratekinnek ze ginn. De Stréihutt ass dem Ruffy säi wäertvollste Besëtz an doraus resultéieren och dem Ruffy seng Spëtznimm. Wéi de Ruffy kleng war huet de Garp op hien opgepasst, a méi spéit gouf hie bei eng Fra geschéckt déi am Bësch gelieft huet a Chef vun enger Banditteband ass. Do huet de Ruffy, de Sabo an den Ace kennegeléiert. Si sinn zesumme wéi eng Famill opgewuess a behandele sech géigesäiteg wéi Bridder. Den Ace an de Ruffy hu sech scho vu klengem u geschwuer, datt se mat 17 Joer um Mier seegelen a Pirate géife ginn.

Am Laf vun der Zäit huet de Ruffy eng Ekipp vun 10 Leit zesummegestallt. Mat där Ekipp begéint hien op der Sich nom grousse Schatz ville Problemer, staarke Géigner a Konkurrenten. Well de Ruffy e Pirat ass, gëtt hien a seng Ekipp vun der Marinn gesicht an et gouf e Kappgeld vun 1.500.000.000 Berry op hien ausgesat.[6]

Charakter änneren

De Ruffy huet e kannerege Charakter an e behëlt sech wéi e klenge Jong. Hie laacht gär an ass hëllefsbereet. Seng Frënn bedeiten him alles an hie géif sech, wann et misst sinn, fir si afferen. De Ruffy ass e gléckleche Mann a laacht souguer bei geféierleche Situatiounen, awer hie gëtt wierklech rose wa seng Frënn a Gefor sinn. Hie gëtt och rose wann iergendee säi Stréihutt ewechhëlt oder probéiert e futti ze maachen, well dat e Kaddo vu sengem Frënd an Idol Shanks war.[7] De Ruffy ass wëllensstaark a motivéiert d'Leit ronderëm, un hir Dreem ze gleewen. Zur selwechter Zäit ass hie liddereg, schléift vill an ësst vill, wat, no him, ganz hëllefräich fir säi Kierper wier. Den „D“ a sengem Numm steet fir eng gewëssen, awer ongekläert Fäegkeet, woubäi nëmme verschidde Mënschen déi Fäegkeet kënne kréien, wéi zum Beispill de Gol D. Roger[8] oder och de Marshall D. Teach.[9]

Fäegkeeten an Attacken änneren

Wéi de Ruffy kleng war, huet hien d'Gum-Gum-Frucht giess a kann zanterhier säi Kierper wéi Gummi strecken, opblosen an ausstrecken. Deen eenzegen Nodeel ass, datt hien net schwamme kann. Hie ka verschidden Attacken duerch seng Fäegkeet ausféieren. Seng Attacke bestinn normalerweis aus Schléi a Kicks, déi hie mat Hëllef vu senger Fäegkeet stäerkt an optiméiert. Mat der Zäit huet hie geléiert, sech ze verbesseren an nei Attacken dobäi geléiert.

Gear 2 änneren

De "Gear 2" ass eng Technik bei där de Ruffy d'Elastizitéit benotzt fir seng Bluttzellen an Hormone méi séier duerch säi Kierper zirkuléieren ze loossen. De Ruffy gëtt vill méi séier a seng Haut blénkt hellrout, well seng Kierpertemperatur eropgeet an Damp aus him erauskënnt. Dëst ass fir hien op laang Siicht geféierlech, well Nowierkungen optriede kënne wéi déi, datt säi Kierper schrompelt.

Gear 3 änneren

Beim "Gear 3" hëlt de Ruffy déif Loft a bléist dann a säin Daum. D'Loft geet a seng Schanken a bléist se wéi e Ballon op. Wann dat gemaach ass, kann d'Loft vun enger Schank an déi aner duerch säi ganze Kierper zirkuléieren, sou datt all seng Kierperdeeler extreem grouss ginn. Sou kann hie vill Schued maachen a grouss Schléi oder Kicks ausdeelen.

Gear 4 änneren

"Gear 4" ass eng Technik bei där de Ruffy d'Loft a seng Muskele pompelt. Hie bedeckt och säin Uewerkierper mam Haki (kuckt ënnendrënner), bleift awer elastesch. De Ruffy ass ganz séier an elastesch an dësem Zoustand, an huet zousätzlech eng enorm destruktiv Kraaft a Robustheet vum Haki.

Haki[10] änneren

Zousätzlech zu senge Fäegkeete vun der Däiwelsfruucht huet de Ruffy de sougenannten Haki. Den Haki gëtt et an 3 verschiddene Varietéiten nämlech Rëschtungs-, Observatiouns- a Kinnekshaki. Den Observationshaki verschäerft déi 5 Sënner vum Mënsch an erlaabt et dem Mënsch, Attacke vu Géigner ze spieren, ier déi Attacken iwwerhaapt ausgeféiert ginn. De Rëschtungshaki suergt dofir, datt de Kierper viru friemen Attacke geschützt gëtt, andeem en onsiichtbare Panzer de Kierper bedeckt. Den onsiichtbare Panzer ass och op aner Objektiver iwwerdrobar. De Kinnekshaki ass de schwéiersten Haki vun deenen 3 an huet déi speziell Fäegkeet datt en mat enger staarker Aura, Géigner schwaach ëmfale loosse kann. Dat ass och net nëmmen bei Mënschen, mä och bei Déiere méiglech. Den Haki erlaabt et dem Ruffy och, säi Kierper mat Eisen / Stol ze bedecke fir aner Feinde besser ze verletzen. De Ruffy kann d'Elementer vun den Hakie benotzen a se mat sengen eegene Fäegkeete vermëschen, doduerch kritt hien en elasteschen a gläichzäiteg feste Schlag.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Grandline – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-12-02.
  2. Die Welt – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-12-02.
  3. Revolutionäre – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-12-11.
  4. Monkey D. Dragon – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-12-02.
  5. Monkey D. Garp – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-12-02.
  6. Währungen – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-12-02.
  7. Shanks – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-12-02.
  8. Gol D. Roger – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-12-02.
  9. Marshall D. Teach – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-12-02.
  10. Haki. One Piece Fantasy Wiki. Gekuckt de(n) 2019-11-24.