Moja besumnaja semja! (Моя безумная семья! - "Meng wansinneg Famill!") ass e russesche Kaméidisfilm aus dem Joer 2011. En ass de 5. Januar 2012 an de Kinoen ugelaf.

Moja besumnaja semja!
Film
Produktiounsland Russland
Produktiounsjoer 2011
Première 2011
Originalsprooch Russesch
Ekipp
Regie Renat Dawletjarow
Dréibuch Deniel Scher
Wiktor Lewin
Juri Korotkow
Fotografie Artur Gimpel
Musek Arkadi Ukupnik
Produzent Renat Dawletjarow
Alexander Kotelewski
Produktiouns-
gesellschaft
20th Century Fox
Schauspiller

Iwan Stebunow als Konstantin
Aglaja Schilowskaja als Viktoria
Leonid Jarmolnik als Bronislaw
Marija Schukschina als Lidija Nikolajewna
Andrei Urgant als Wolynzew
Larissa Udowitschenko als Topeschko
Andrei Panin als Wiktor Sergejewitsch
Anna Ardowa als Alla Leonidowna
Elgudja Burduli als Bopa
Wjatscheslaw Manutscharow als Maxim

Pawel Prilutschny als Stasik
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Wourëms geet et am Film? änneren

De Konstantin hat ni Chance mat senge Frëndinnen, spéitstens wann e se senger Famill virgestallt huet war et aus. Säi Papp ass e spleenegen Naturwëssenschaftler, seng Mamm Karate-Coach, seng Schwëster virlaut a géint d'Bestueden, an dann ass do nach säi Bopa deen ni e verständlecht Wuert schwätzt.

Wéi en du mam Viktoria zesumme war an et Eescht sollt gi mam Bestueden, do sollten d'Eltere vun deene jonke Bräitjeleit sech kenneléieren. Eng Horrorvirstellung fir de Kostja, deen alt nees en Enn vun enger Bezéiung komme gesinn huet. Mä säi Kolleeg Stas huet eng Iddi: firwat net Schauspiller engagéieren, déi fir een Dag seng Elteren duerstelle sollen? Sou gouf et dann och gemaach, just datt déi erausgesichte Schauspiller bal nach méi Onwees dreiwe wéi déi richteg Elteren et selwer fäerdegbruecht hätten...

Soss änneren

Et ass de Regiedebüt vum Renat Dawletjarow.

De Film gouf zu Lëtzebuerg am Kader vun der drëtter Editioun vum russesche Filmfestival Go Russia an der Stater Cinemathéik gewisen, a Presenz vun der Rosfilm-Presidentin Tatjana Woronezkaja an der Schauspillerin Larissa Udowitschenko.

Um Spaweck änneren