Moj dida je pao s Marsa

Moj dida je pao s Marsa ass en europäesche Kannerfilm aus dem Joer 2019. De lëtzebuergeschen Titel ass Mäi Bopa vum Mars an deen englesche My Grandpa Is an Alien.

Moj dida je pao s Marsa
Film
Produktiounsland Kroatien
Lëtzebuerg
Norwegen
Tschechesch Republik
Slowenien
Slowakei
Bosnien an Herzegowina
Première 21. Mäerz 2019 (HR)
17. Juni 2020 (LU)
Dauer 79 min.
Faarf Faarweg
Originalsprooch Kroatesch
Ekipp
Regie Marina Andree Skop
Drazen Zarkovic
Dréibuch Pavlica Bajsic
Irena Krcelic
Branko Ruzic
Fotografie Sven Pepeonik
Musek Stein Berge Svendsen
Schnëtt Marina Andree Skop
Produzent Darija Kulenovic Gudan, Marina Andree Skop
Ko-Produzenten: Adolf El Assal an anerer
Produktiouns-
gesellschaft
Studio dim (HR), Wady Films (LU), Filmbin (NO), Masterfilm (CZ), Artileria (SK), Senca Studio (SL), Fabrika (BI)
Schauspiller
Lana Hranjec: Una
Nils Ole Oftebro: Bopa
Petra Polnisová : Mamm
Ozren Grabarić: Dodo
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

A kuerzer Zäit gëtt dem Una (an anere Sproochen: Lena) säi Liewen op d'Kopp gedréint: säi Grousspapp gëtt vun Ausserierdeschen entfouert a seng Mamm brécht zesummen a muss an d'Spidol. D'Una entdeckt, datt säi Bop selwer och en Alien ass, an datt am Keller vu sengem Haus nach d'Raumschëff läit, mat deem hien op d'Äerd koum. An deem Raumschëff ass nach ëmmer de Pilot, e klenge, granzege Robotter. D'Una an de Robotter hu manner wéi 24 Stonnen Zäit fir de Bop ze fannen an ze retten.

Filmproduktioun änneren

Vun der Iddi bis zum fäerdege Film huet et am Ganze siwer Joer gedauert.[1]

De Film ass eng europäesch Koproduktioun tëscht dem kroatesche Studio dim, der lëtzebuergescher Gesellschaft Wady Films, der norwegescher Filmbin, der tschescher Masterfilm, der slowakescher Artileria, dem slowenesche Senca Studio an der bosnesch-herzegowenescher Fabrika. Wady Film war de gréisste Koproduzent.[1]

De Lëtzebuerger Filmfong huet Wady Film 2017 en Zouschoss an Héicht vun 192.500 Euro fir d'Produktioun vum Film accordéiert, am Kader vum Programm "AFS CineWorld" fir Projeten aus Länner mat wéineg Ressource fir audiovisuell Produktiounen.[2] Dovu goufen 2021 bal 75.000 Euro zeréckbezuelt.[3]

D'Originalsprooch vum Film ass Kroatesch. Et gëtt eng lëtzebuergesch Synchronfassung mat de Stëmme vum Katharina Bintz, Raoul Albonetti, Marie Jung, Claude Fritz, Nilton Martins, Ayleen Thein, Nico Thielen, Sam Thoss, Michel Tereba, Philippe Meyrer, Ben Reichling, Elsa Rauchs, Magaly Texeira an Anna Schwartz Kachmar.[4]

Filmpromotioun änneren

Am Mäerz 2019 koum de Film a Kroatien an de Kino. Wéinst der Coronaviruspandemie koum en zu Lëtzebuerg ënnert dem Titel Mäi Bopa vum Mars eréischt am Juni 2020 eraus.[1][5][6]

De Film gouf op alle grousse Kannerfilmfestivalen op der Welt gewise, an och an der Kannersektioun vun e puer etabléierte "Standard"-Filmfestivallen, dorënner zu Warschau an zu Kalkutta. Am Ganzen huet de Film dräizéng Präisser gewonnen.[1]

Wat sot d'Press? änneren

Valentin Maniglia, Le Quotidien:[7]

Une jolie perle pleine d'émotion, aux effets spéciaux élégants, à découvrir dans l'obscurité d'une salle.

Pablo Chimenti, d'Lëtzebuerger Land:[5]

Linéaire, un brin naïf, sans grands rebondissements, ce Mäi Bopa vum Mars reste malgré tout un divertissement agréable. Un film plein de petites erreurs – au niveau du jeu d'acteurs, de quelques scènes superflues, de quelques effets sonores excessifs… ; au niveau de la synchronisation du doublage luxembourgeois aussi –, mais les jeunes spectateurs, à qui le film est prioritairement destiné, s’en ficheront probablement.

Quellen änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 cineurop.org: Marina Andree Škop and Dražen Žarković • Directors of My Grandpa Is an Alien vum Guilhem Caillard (22. Juni 2020)
  2. Rapport Annuel 2017 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 9
  3. Rapport Annuel 2021 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 18-19
  4. YouTube Trailer (ënner "Quellen")
  5. 5,0 5,1 land.lu: Mon grand-père, ce héros vum Pablo Chimienti (19. Juni 2020)
  6. chronicle.lu: My Grandpa is an Alien Film Set for Luxembourg Cinema Release Tomorrow vum JCA (16. Juni 2000)
  7. lequotidien.lu: «Mäi Bopa vum Mars» revisite l’esprit de Steven Spielberg vum Valentin Maniglia (11. Juni 2020)