Mahammed Boun Abdallah Dionne

senegaleesesche Politiker
(Virugeleet vu(n) Mohamed Dionne)

De Mahammed Boun Abdallah Dionne, kuerz Mahammed Dionne a gebuer den 22. September 1959 zu Gossas,[1] ass ee senegaleesesche Politiker. Tëscht Juli 2014 a Mee 2019 war hie Premierminister vum Senegal.

Mahammed Boun Abdallah Dionne
Gebuer 22. September 1959
Gossas
Gestuerwen 5. Abrëll 2024
Paräis
Nationalitéit Senegal
Educatioun Conservatoire national des arts et métiers
Aktivitéit Politiker, Ingenieur, Regierungschef
Partei Alliance pour la République

Liewen änneren

Den Dionne ass Informatiker, an huet fir IBM bei der Westafrikanescher Zentralbank geschafft, a war Expert fir de Maghreb bei der UNCTAD. Ausserdeem war hie senegaleeseschen Ambassadeur fir ekonomesch Froen zu Paräis an huet, ier e Premierminister gouf, fir d'Organisatioun vun de Vereenten Natioune fir industriell Entwécklung geschafft.

Den Dione war de Chef-de-Cabinet vum aktuelle President Macky Sall, wéi dee Premierminister war. Am Mäerz 2014 gouf den Dionne Minster fir d'Ëmsetzung vum senegaleeseschen Entwécklungsplang (SEP). No der Néierlag vun der Regierungspartei APR bei de Kommunalwalen zu Dakar huet de President Sall de 4. Juli 2014 d'Premierministesch Aminata Touré entlooss[2],[3] an zwéin Deeg drop den Dionne zum Regierungschef ernannt.[4]

De President Sall ass 2019 fir en zweet Mandat erëmgewielt ginn an Ambitiounen affichéiert, fir de Senegal a Richtung "régime présidentiel" ze beweegen.[5] An där Perspektive ass d'Plaz vum Premierminister de 14. Mee 2019 ofgeschaaft ginn.[6] De Mohammed Dionne gëllt trotzdeem weiderhin als Vertrauenspersoun vum Macky Sall an ass nach ëmmer de Generalsekretär vun der Presidence vun der Republik.[6]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. James Barma: "Sénégal: Mohamed Dionne nommé Premier ministre par Macky Sall." Le Point Afrique, 2014-07-07.
  2. ""Senegal dismisses PM Toure after she loses Dakar vote". Deutsche Welle, 2014-07-12.
  3. ""Regierungschefin tritt nach Wahlschlappe zurück." nzz.ch, 2014-07-12.
  4. Gouvernement du Senegal: "Mahammed Boun Abdallah DIONNE nouveau Premier ministre." 2014-07-06.
  5. rfi.fr: Sénégal: vers un régime présidentiel (6. Abrëll 2019)
  6. 6,0 6,1 lefigaro.fr: Sénégal: le poste de premier ministre officiellement supprimé (14. Mee 2019)