Modernisatioun vun der Haute-Meuse

Ënner Modernisatioun vun der Haute-Meuse sinn all déi Aarbechten an Amenagementer ze verstoen déi an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert um Laf vun der Ieweschter Meuse an der Belsch ugefaange goufen a mat der Konstruktioun vun den neie Wierer a Schleisen Enn des 20. an Ufank des 21. Joerhonnert en Ofschloss hunn.

Geschichtlechen Hannergrond an éischt Modernisatioun änneren

Um Enn vum 19. Joerhonnert huet sech am sougenannnte Sillon Sambre-et-Meuse d'Industrie breet gemaach an huet sech séier entwéckelt, soudatt et noutwenneg gouf d'Basenge vu Léck a Charleroi mateneen, wéi och mat der Nordséi a mat den Nopeschlänner iwwer eng Waasserstrooss ze verbannen, op där zu all Moment Schëffer mat engem Déifgang vun 2,20 Meter an engem Tonnage vu 600 Tonne konnte fueren. Dat entsprécht ongeféier dem Schëffstyp Campinois vun haut.

Fir dat ze realiséieren huet d'Meuse missen amenagéiert ginn.

D'Erfindung vum Nolewier vum franséischen Ingenieur Poirée am Joer 1834 a vun de Wiere mat Hausse vum Fransous Chanoine am Joer 1857, hu bei der éischter Modernisatioun vun der Meuse eng wichteg Roll gespillt. De groussen Avantage vun deene Wierer ass, datt se bei Héichwaasser komplett op de Buedem vum Flossbett kënne geluecht ginn. Well déi Wierer all manuell bedéngt goufen, war hir maximal Héicht ± 2,50 Meter.

Sou gouf vun 1868 un d'Haute-Meuse mat 9 Staustufen ekipéiert, wat meeschtens gemëscht Poirée-Chanoine Konstruktioune waren.

D'Banneschëfffaart war deemools an engem groussen Opschwonk an d'Baumeeschtere ware wäitsiichteg genuch fir Schleise vun 100×12 Meter ze bauen, vun deenen der en ettlech nach haut bestinn. D'Aarbechte vun der éischter Modernisatioun waren 1880 ofgeschloss.

Erfarungen an zweet Modernisatioun änneren

D'Amenagementer déi bis 1880 gemaach goufen, hu bis op e puer punktuell Ännerungen am grousse Ganze bis nom Zweete Weltkirich zur allgemenger Zefriddenheet funktionéiert. Joerhonnerthéichwaasser vun 1926 an déi nei Technologien hunn awer gewisen datt en ettlech Problemer kéinten aus de Féiss geschaf ginn:

  • D'Manövréiere vun de Wierer war geféierlech a penibel. Et koum zu Accidenter bei deenen Leit hiert Liewe verluer hunn.
  • Bei Niddregwaasser waren d'Wierer net dicht genuch, fir de virgeschriwwenen Déifgang z'assuréieren.
  • Well d'Schwell vun de Wierer bei enger Déift vun 2,50 Meter war war den Offloss bei Héichwaasser net grouss genuch.
  • D'Wierer u sech si mam Alter ëmmer méi schappeg ginn.

1930 war schonn op der Meuse moyenne mat der zweeter Modernisatioun ugefaange ginn, wärend deem op der ieweschter Meuse tëscht 1954 an 1982 nëmmen deelweis moderniséiert gouf fir datt 1.350-Tonner bis op Givet konnt fueren. Wéi 1982 tëscht Andenne an Namouer déi lescht Aarbechten op der Meuse moyenne ofgeschloss waren, gouf d'Decisioun geholl, fir déi lescht 50 km bis op d'franséisch Grenz ze moderniséieren an all déi néng al Wierer mat moderne Konstruktiounen z'ersetzen.

Dobäi goufen zwou Méiglechkeeten a Betruecht gezunn:

  1. Mat der Modernisatioun sou wéi op der mëttelser Meuse weiderzefuern, andeems Zuel vun d'Schleise reduzéiert géif ginn, an d'Schleisen anengems un den 9.000-Tonnegabarit ugepasst géif ginn fir datt Schubschëffer Accès hätten, oder
  2. D'100×12 Meter-Schleise bestoen ze loossen a just Wierer z'ersetzen.