D'Mireille Mathieu, gebuer den 22. Juli 1946 zu Avignon, ass eng franséisch Chansonsängerin.

Mireille Mathieu
Gebuer 22. Juli 1946
Avignon
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sänger, Entertainer, Schauspiller, Discographesche Kënschtler

Si huet iwwer 1.200 Lidder an 11 Sproochen opgeholl, dorënner op franséisch, däitsch, englesch, spuenesch, russesch a japanesch. Hirem Musekslabel no huet si 200 Millioune Placken an der Welt doruechter verkaf.[1]

Hiren Duerchbroch hat si an der Mëtt vun den 1960er Joren, a si war bis an d'1980 Joren era ganz populär.

1965 ass si eng éischt Kéier am Jeu de la chance vun der franséischer Fernseesendung Télé Dimanche opgetrueden.[2] Spéider am selwechte Joer ass si zu Paräis am Olympia opgetrueden. Hiren éischten Album En direct de l'Olympia koum d'Joer drop eraus. Ee vun hiren éischte groussen Hitte war d'Lidd Mon credo (1966).

Hire leschte franséischsproochegen Album Mes classiques koum 2018 eraus. De leschten däitschsproochegen Album, Wenn mein Lied deine Seele küsst, ass vun 2013.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mireille Mathieu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Sony Music: Mireille Mathieu : « Le premier regard d'amour », gekuckt den 21. Oktober 2019
  2. Jean-Louis Le Touzet: Une certaine idée de la frange., liberation.lu, 7. Oktober 2005