Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

lëtzebuergesche Ministère
(Virugeleet vu(n) Ministère de la santé)

Deen dacks just Gesondheetsministère genannte Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet (fr: Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee mat der Regierung Frieden-Bettel de 17. November 2023 an d'Liewe geruff gouf an dee sech ëm d'Ëmsetze vun der Gesondheetspolitik an där vun der sozialer Sécherheet vun der Lëtzebuerger Regierung këmmert.

Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale
Den neie Sëtz vum Ministère zu Gaasperech
Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet
Land Lëtzebuerg
Minister Martine Deprez
Adress 1, rue Charles Darwin L-1433 Luxembourg, 26, rue Saint-Zithe L-2763 Luxembourg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Um Spaweck https://msss.gouvernement.lu/

E setzt sech aus dem fréiere Gesondheetsministère (Ministère de la Santé) an deem vun der Sozialversécherung (Ministère de la Sécurité sociale) zesummen.

Allgemenges änneren

An de Beräicher vun der Santé publique an dem Gesondheetssystem schafft de Gesondheetsministère op der Basis vun de Grondwäerter wéi der Universalitéit, dem Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Versuergung, der Gerechtegkeet an der Solidaritéit.

Wat d'sozial Sécherheet ugeet, ass dem Ministère seng Haaptaufgab fir d'Sozialversécherung vun de Bierger ze garantéieren an op liewenslaang Risiken a Bedierfnesser an de Beräicher Krankheet, Alter, Ofhängegkeet, Behënnerung a Beruffsaccidenter ze reagéieren.

Kompetenz vum Ministère änneren

D'Servicer a Verwaltungen, déi ënnert d'Kompetenz vum Gesondheetsministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

Beräich „Gesondheet“ änneren

Ëffentlech Etablissementer ënnert der Tutelle vum Ministère änneren

Aner Etablissementer änneren

Medezinesch-sozial Aktioun änneren

Auslännesch Bezéiungen änneren

Bezéiunge mat europäeschen an internationalen Institutiounen am Beräich vun der Gesondheet an de Medikamenter

  • Weltgesondheetsorganisatioun
  • Europäesch Unioun:
    • Europäesch Medikamentenagence ((en) European Medicines Agency, EMA)
    • Europäeschen Zenter fir d'Preventioun an d'Kontroll vu Krankheeten ((en) European Centre for Disease Prevention and Control, ECDC)
    • Europäesch Exekutivagence fir Gesondheet an Digitales ((en) European Health and Digital Executive Agency, HaDEA)
    • Europäeschen Observatoire vun den Drogen an der Drogesucht ((fr) Observatoire européen des drogues et des toxicomanies, OEDT)
    • Generaldirektioun fir d'Gesondheet an d'Liewensmëttelsécherheet ((fr) Direction générale de la santé et de la sécurité alimentaire, DG SANTE)
  • Europarot
  • International Agence fir Atomenergie

Beräich „Sozial Sécherheet“ änneren

Historique vum Ministère änneren

Iwwer d'Jore war d'„Gesondheet“ deels mat anere Ressorte kombinéiert oder an anere Ministèren integréiert; virun 2023 gouf et sou z. B. zwee eegestännege Ministèren, ee fir d'Gesondheet an ee fir d'Sozialversécherung.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
  • sante.lu d'Websäit vum Ministère

Referenzen an Notten änneren

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.