Ministère de la Digitalisation

Ministère zu Lëtzebuerg

De Ministère fir Digitaliséierung (fr: Ministère de la Digitalisation, gekierzt MinDigital) zu Lëtzebuerg, ass e Ministère deen am Kader vum Regierungsprogramm vun der Regierung Bettel-Kersch-Bausch den 11. Dezember 2018 an d'Liewe geruff gouf fir d'Digitaliséierung an de Mëttelpunkt ze stellen.

Ministère de la Digitalisation
Ministère fir Digitaliséierung
Land Lëtzebuerg
Minister Stéphanie Obertin
Verwaltungssëtz Hôtel de Bourgogne (Stad Lëtzebuerg)
Adress 4, rue de la Congrégation L-1352 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 11. Dezember 2018
Um Spaweck https://MinDigital.gouvernement.lu/

De Ministère këmmert sech drëm fir déi allgemeng technesch Entwécklung an de Beräicher, déi fir eis Ekonomie wichteg sinn, virun ze dreiwen a fir nei Strategien z'entwéckelen, déi eist Land no vir bréngen. Doriwwer eraus soll en och den Alldag vereinfachen andeems déi eenzel administrativ Prozesser verbessert ginn. E groussen Deel vun den Aktivitéite vum Ministère ass fir d'Liewe vun de Leit ze vereinfachen.

Allgemenges änneren

De Ministère fir Digitaliséierung setzt a verschiddene vu senge Projeten op eng Approche, déi „oppen Innovatioun“ ((en) Open Innovation) genannt gëtt, déi gewéinlech definéiert gëtt als „bewosst Agäng an Ausgäng vu Kenntnisser fir d'intern Innovatioun ze beschleunegen“. Eng oppen Innovatioun steet also am Géigesaz zu engem zouenen Innovatiounsprozess. D'Entwécklung vun der Digitaliséierung an d'digital Revolutioun an der Gesellschaft hunn d'Verhältnesser tëschent dem Staat, de Bierger a de Betriber staark verännert. Duerch e generaliséierten Internetzougang hunn s'en stännegen an direkten Uschloss un d'digital Servicer vum Staat.

D'Zil vum Ministère ass et op de Wee vun engem Digital Government ze kommen, esou wéi et vun den internationalen Instanze recommandéiert gëtt. Et leet den Accent dowéinst op dës véier Haaptpunkten:

Kompetenz vum Ministère änneren

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ministère fir Digitaliséierung falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ministère de la Digitalisation – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten änneren

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.