Ministère de l'économie

lëtzebuergesche Ministère
Society.svg Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Wirtschaftsministère, offiziell Ministère de l'économie, ass e Ministère zu Lëtzebuerg deen zoustänneg ass fir d'Wirtschaftspolitik vum Land ëmzesetzen, grad wéi fir Mëttelklass an den Tourismus.

Ministère de l'économie
Luxembourg, Ministère de l'économie (102).jpg
Wirtschaftsministère
Land Lëtzebuerg
Minister Franz Fayot, Lex Delles
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress Forum Royal, 19-21, boulevard Royal L-2449 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Um Spaweck https://meco.gouvernement.lu/, https://meco.gouvernement.lu/de.html, https://meco.gouvernement.lu/en.html

AllgemengesÄnneren

Fir d'Wirtschaftspolitik vun der Regierung ëmzesetzen, hëlt de Ministère strategesch Decisiounen a këmmert sech drëm, déi néideg Instrumenter fir d'Dynamik a fir eng nohalteg Entwécklung vun der nationaler Ekonomie ze schafen.

En ass zoustänneg fir d'allgemeng Wirtschaftspolitik (Kompetitivitéit an Opschwong, Bannemaart, industriell Politik), d'allgemeng Politik vun den Entreprisen, d'Gesellschaftsverantwortung vun den Entreprisen, Ënnerstëtzung, d'Entwécklung an d'Diversifizéierung vun der Ekonomie.

Do dernieft këmmert e sech ëm de Aussenhandel, d'Fuerschung an d'Innovatiounen, d'intellektuell Proprietéit, d'Raumfaartpolitik an de Pavillon maritime.

An d'Attributioune vum Wirtschaftsministère falen och d'Beräicher vun der Mëttelklass an dem Tourismus.

Kompetenz vum MinistèreÄnneren

D'Beräicher, Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Wirtschaftsministère falen, sinn am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

D'Zoustännegkeet vum Minister fir d'Mëttelklass begräift:

D'Zoustännegkeet vum Tourismusminister ëmfaasst:

Historique vum WirtschaftsministèreÄnneren

Iwwer d'Jore war de Ressort vun der Ekonomie deels mat anere Ressorte kombinéiert an den Numm vum Ministère huet deementspriechend gewiesselt:

  • 1964 - 1969 : Ministre de l'économie nationale et de l'énergie
  • 1969 - 1977 : Ministre de l'économie nationale, des classes moyennes et du tourisme
  • 1977 - 1989 : Ministre de l'économie nationale et des classes moyennes
  • 1989 - 2004: Ministre de l'économie
  • 2004 - 2013: Ministre de l'économie et du commerce extérieur
  • zanter 2013 : Ministère de l'économie

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Ministère de l'économie – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung (fr)

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-24.