Soziale Mindestloun

(Virugeleet vu(n) Mindestloun)

De Soziale Mindestloun ass en Instrument dat dem Legislateur erméiglecht, d'Verdeelung vum nationale Revenu ze steieren.

De Code du Travail zu Lëtzebuerg seet am Artikel L.222-1, datt all Salarié, deen eng normal physesch an intellectuell Aptitude huet, ouni Ënnerscheed zum Geschlecht, Recht op de soziale Mindestloun huet. Den Niveau vun deem Loun gëtt duerch Gesetz sou festgeluecht, datt en dem Salarié erlaabt un der ekonomescher Entwécklung vum Land deelzehuelen.

Fir de soziale Mindestloun festzeleeën, ginn zwéin Haaptkrittären a Betruecht gezunn, an zwar den Alter vum Beschäftegten a seng Qualifikatioun.

De Soziale Mindestloun déngt am Sozialsystem och dacks als Basis fir d'Berechnung vun anere finanzielle Leeschtungen oder Obligatiounen, wéi z. B. Festleeë vu Mindest- a Maximalcotisatioune fir Krankekeesen, Unfallrenten asw.

Entwécklung vum soziale Mindestloun zu Lëtzebuerg

änneren

Zanter dem 1. Mäerz 2009

änneren
  • Den Index ass vu 685,17 Punkten op 702,29 eropgaangen.
Index 702,29 % Stonneloun € Loun Index 100 Am Mount €
15 bis 17 Joer 075 % 7,2952 179,7075 1262,07
17 bis 18 Joer 080 % 7,7816 191,6880 1346,21
Iwwer 18 Joer
net qualifizéiert
100 % 9,7269 239,6100 1682,76
Iwwer 18 Joer
qualifizéiert
120 % 11,6726 287,5320 2019,31

Vum 1. Januar 2009 bis den 28. Februar 2009

änneren
  • De Basisloun berechent op den Index 100 gouf vun 234,91 € op 239,61 € gehuewen.
Index 685,17 % Stonneloun € Loun Index 100 Am Mount €
15 bis 17 Joer 075 % 7,1173 179,7075 1231,30
17 bis 18 Joer 080 % 7,5918 191,6880 1313,39
Iwwer 18 Joer
net qualifizéiert
100 % 9,4898 239,6100 1641,74
Iwwer 18 Joer
qualifizéiert
120 % 11,3878 287,5320 1970,08

Vum 1. Mäerz 2008 bis den 31 Dezember 2008

änneren
Index 685,17 % Stonneloun € Loun Index 100 Am Mount €
15 bis 17 Joer 075 % 6,9777 176,1825 1.207,15
17 bis 18 Joer 080 % 7,4429 187,9280 1.287,63
Iwwer 18 Joer
net qualifizéiert
100 % 9,3036 234,9100 1609,53
Iwwer 18 Joer
qualifizéiert
120 % 11, 1644 281,8920 1.931,44

Um Spaweck

änneren
Commons: Minimum wage – Biller, Videoen oder Audiodateien