Liter

Moosseenheet
(Virugeleet vu(n) Milliliter)

De Liter ass eng Moosseenheet fir de Volumen a gëtt als L oder l ofgekierzt.

D'SI-Eenheet fir de Volumen ass de Kubikmeter (m³), d'Formelzeechen ass V. De Liter gehéiert zwar net zum internationalen Eenheetesystem (SI), ass awer fir de Gebrauch mam SI zougelooss.[1] Doduerch ass de Liter eng gesetzlech[2] Moosseenheet.

Ee Liter entsprécht engem Kubikdezimeter (1 l = 0,001 m³ = 1 dm³). E Wierfel mat enger Kantelängt vun 10 cm (=1 dm) huet deemno e Volume vun engem Liter.

Déi gängegst ofgeleete Moosseenheete vum Liter sinn:

Moosseenheet Konversiounen
Mikroliter 1 µl = 1 mm³ = 10−6 l
Milliliter 1 ml = 1 cm³ = 1 „ccm“ = 1 „cc“ = 0,001 l = 1*10−6
Centiliter 1 cl = 0,01 l = 10 ml
Deziliter 1 dl = 0,1 l = 100 ml
Liter 1 l = 1 dm³ = 10 dl = 100 cl = 1000 ml
Dekaliter 1 dal = 10 l = 10 dm³
Hektoliter 1 hl = 100 l = 100 dm³

Referenzen änneren

  1. „SI–Broschüre“: „Das Internationale Einheitensystem” (Physikalisch-Technische Bundesanstalt: PTB-Mitteilungen 117 (2007), Heft 2)
  2. opgrond vun der EU-Direktiv 80/181/EWG