D'Mille vu Vélupont ass eng Millen an der Gemeng Avennes an der Provënz Léck.

Mille vu Vélupont
Land Belsch
Gemeng Avennes
Koordinaten 50° 37’ 30.86’’ N
      05° 07’ 15.29’’ O

Si läit am Dall vun der Mehaigne, tëscht den Uertschaften Avennes a Ville-en-Hesbaye.

D'Mille gëtt fir d'éischt an engem Dokument vun der Abtei Kornelimünster bei Oochen am Joer 866 ernimmt. Si steet laanscht e Wee dee fréier op där Plaz mat enger hëlze Bréck iwwer d'Mehaigne gefouert huet, a wou ënner den Ancien Régime d'Grenz tëscht der Grofschaft Namur an dem Fürstentum Léck war. E Wee mat dem Numm Voie meuneresse huet fréier d'Verbindung mat Lens-Saint-Remi gemaach, an d'Awunner vu Lens a vum Plateau vun der Hesbaye hunn dee benotzt fir hir Kären op d'Millen ze bréngen.

1568 gouf d'Mollen zerstéiert, war awer um Enn vum 16. Joerhonnert nees opgeriicht ginn. Duerno gouf se nach eng Kéier an e Koup geschloen an der Zäit vun de Kricher vum Louis de XIV. a gouf duerno e bësselche méi flossop nei um Territoire vu Ville-en-Hesbaye opgeriicht. De Mëller huet d'Waasserecht deemools beim Här vun Avennes gelount.

Déi haiteg Mille gouf op de Mauere vun der Aler 1854 vum Steemetzer P. Dantinne gebaut. D'Gebaier déi dru stousse si vun 1832. Am 19. Joerhonnert gouf an der Mille nieft dem Miel och Steif produzéiert, an et gouf bis am Ufank vum 20. Joerhonnert elektresche Stroum gemaach. 1963 huet d'Millen hir Dieren zougemaach.

D'Mille steet op de Sektiounen Ville-en Hesbaye an Avennes.

D'Millegebai selwer ass op 3 Niveauen, an an der Mille sinn d'Installatiounen erhalen. Am Joer 2009 ass d'Famill Cuyckens Proprietär. Tëscht 2009 an 2020 goufe Restauratiounsaarbechte gemaach. Déi al baufälleg Schäpp nieft der Mille goufe wechgerappt, de Millegruef gouf sanéiert an en neit Millerad gouf installéiert.