E Mikroskop ass e wëssenschaftlecht Instrument fir Objeten ze kucken, déi ze kleng sinn fir se mat bloussem A kënnen ze gesinn.

En optesche Leitz-Mikroskop vun de 1909.

D'Wëssenschaft vum Observéieren a Studéiere vu klengen Objeten a Strukture mat engem Mikroskop gëtt "Mikroskopie" genannt. Mikroskope gi gebraucht an der Biologie, der Medezin an an der Wëssenschaft vun de Materialien, soubal eng Lupp net méi genuch vergréissert.

D'physesch Prinziper déi gebraucht gi fir ze Vergréissere kënne ganz ënnerscheedlech sinn. Déi Bekanntst sinn d'optesch Mikroskopen déi mat enger oder méi |Lënsen equipéiert sinn, duerch déi d'Liicht vun engem beliichten (oder duerchliichten) Objet rekuperéiert gëtt. Duerch den techensche Fortschrëtt konnten aner Techniken entwéckelt ginn, fir méi prezis Biller ze kréien, wé déi elektronesch Mikroskopen oder d'Mikrskope an noem Feld

Etymologie

änneren

D'Wuert "Mikroskop" kënnt vum Algriichesche μικρός ("kleng") a σκοπεῖν ("kucken").