Eng Mikrometerschrauf ass e Geschier fir besonnesch bei klengen Objeten Längte ganz genee bis an de Mikrometerberäich eran ze moossen, andeems een den Objet tëscht déi zwou Moossplatinne spaant.

Eng Mikrometerschrauf
Dräipunktmikrometerschrauf fir Bannemoossen

Gewéinlech ass et wéi um Bild niewendrun eng Bigelmiessschrauf déi bis zu 25 Millimeter moosse kann. Et gëtt mat Hëllef vun engem Schrauwegewënn gemooss, dat normalerweis eng Steigung vun engem hallwe Millimeter huet.

Fir en Objet ze moosse gëtt en tëscht déi zwou Platinne gehalen. Déi eng dovun ass fest justéiert an déi aner kann iwwer e rengt Gewënn bäigedréint ginn, bis déi zwou Miessflächen den Objet beréieren. Dobäi muss ee gutt oppassen dat den Objet dee gemooss gëtt genee ausgeriicht ass, soss kënnt et zu Moossfeeler. Et muss een och oppassen datt een d'Astellschrauf nëmme sou wäit dréint bis se um Cliquet vun der agebauter Rutschkupplung ukomm ass. Da kann een déi gemoosse Längt op der Haaptskala ofliesen. Wann d'Schrauf kee ganzen Tour gedréint gouf, da kann een op der Nieweskala d'Honnerstel ofliesen.

Um Spaweck änneren

Commons: Mikrometerschrauf – Biller, Videoen oder Audiodateien