Mify (russ. Мифы - "d'Mythen") ass e russesche Kaméidisfilm vum Alexander Molotschnikow aus dem Joer 2017.

Mify
Film
Produktiounsland Russland
Produktiounsjoer 2017
Première 16. November 2017
Dauer 89 min
Originalsprooch Russesch
Ekipp
Regie Alexander Molotschnikow
Dréibuch Alexander Molotschnikow
Olga Chenkina
Jelena Wanina
Musek Igor Wdowin
Schnëtt Aleksei Slepow
Produzent Ilja Stjuart
Fjodor Bondartschuk
Dmitri Rudowski
Murad Osmann
Schauspiller
Paulina Andrejewa als Marija/Mija
Ioannis Papadopulos als Griich
Iwan Urgant als sech selwer
Milosch Bikowitsch als Stadgouverneur
Sergei Besrukow als sech selwer
Fjodor Bondartschuk als sech selwer
Irina Rosanowa als Deputéiert Mishkina
Ksenija Rappoport als Dichterin
Igor Wernik als sech selwer
Wadim Wernik als sech selwer
Maksim Suchanow als "Koka"
Andrei Smoljakow als eeleren Här
Nadejda Markina als eeler Damm
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Seng Première hat en a Russland de 16. November 2017. Zu Lëtzebuerg ass en eng eenzeg Kéier gelaf, an zwar den 3. Dezember 2017 am Kinepolis um Kierchbierg.

Wourëms geet et am Film? änneren

En aarme Griich huet sech wéi den Odysseus e bësse verrannt a kënnt op engem Flooss iwwer d'Moskwa an d'russesch Haaptstad gepaddelt. Do trëfft en op d'Bridder Wernik an e gëtt matgeholl an d'Welt vun de russesche Staren. Et stellt sech séier eraus datt all eis Virstellungen iwwer deenen hiert schéint Liewe just Mythe sinn, an hannert der Fass zimmlech vill uerg dernieft geet. De Produzent a Regisseur Fjodor schëllt Gauner aus den 1990er Jore Sue fir e Musekclip. De Schauspiller Sergei huet vu Jesus Christus bis zu engem Kaweechelche schonn all Roll gespillt, a grad dat dreift en an eng déif Depressioun well et fir heen näischt Neits méi ka ginn. Den Tëleespresentateur Iwan kann och am normale Liewen net ophalen d'Leit par force zum schmunzen ze bréngen, seng Frëndin gëtt op Dauer schaus datt en net mol am Bett oder op engem Begriefnes et si ka loosse se zum Laachen ze bréngen. De Stadgouverneur huet schonn d'hallef Fraewelt vu Moskau a seng Theaterloge invitéiert fir do iwwer se hierzefalen, mä wierklech intresséiert e sech ausgerechent un der Zwillingsschwëster vu senger Fra. Déi eeler Deputéiert Mishkina, déi eenzel Zich vum Alla Pugatschowa opweises huet, ass sou steif a bestëmmend, datt hire Bodyguard dee sech a si verléift huet einfach net derzou kënnt hir seng Léift ze gestoen.

An do ronderëm an dertëscht geeschtert lo de Griich. Well e vum Igor Wernik op engem Galaowend als Dokter virgestallt gëtt deen all Problemer léise kann, a souguer seng Handysnummer duerchgesot gëtt, schellt lo säin Handy vun Zäit zu Zäit an ee Star nom anere wëll säi Rot. E versicht et mat Analogien zur griichescher Mythologie, all Star vergläicht e mat engem Personnage aus dem Olymp a gëtt ëm eng Hëllef mat op de Wee déi an der Mythologie eppes gedéngt huet - zu Moskau dogéint kënnt awer och alt mol een dobäi ongewollt ëm. Selwer verléift de Griich sech an d'Marija, d'Fra vum Stadgouverneur, a setzt dunn alles drun, fir se vum Moskauer Olymp ewechzehuelen.

Soss änneren

D'Paulina Andrejewa spillt eng Duebelroll, souwuel d'Marija Mishkina wéi och hir Zwillingsschwëster Mija, déi awer allebéid e ganz anere Charakter hunn. Déi éischt ass Moderatorin vun enger Emissioun iwwer Gärtnerei a Geméisubau a gëtt vum Griich ugehimmelt als Aphrodite, déi zweet gëtt vum Griich als Fra vum Zeus gesinn (obwuel den ontreie Stadgouverneur "Zeus" am Film mam Marija bestuet ass, an d'Mija zwar wëll mä déi ass awer mam Iwan zesummen).

De Griich Ioannis Papadopulos konnt bis kuerz virun den Opname kee Wuert Russesch, en huet d'Sprooch bannent zwee Méint a Rekordzäit geléiert.

Am Film gëtt gewise wéi an der Metrosstatioun Majakowskaja bei engem Bou eng 5 Rubel Mënz eropgehäit gëtt an iwwer de Plaffong op déi aner Säit geet. Déi Stadseechen ass tatsächlech bekannt, mä d'Mënz nees opzefänken ass natierlech méi einfach gesot wéi gemaach.

Um Spaweck änneren