Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem däitschen Automobilsportler. Fir de lëtzebuergesche Liichtathleet, kuckt wgl. Mike Schumacher.


De Michael Schumacher, gebuer den 3. Januar 1969 zu Hürth-Hermülheim an Nordrhein-Westfalen, ass e fréieren däitsche Courseauto-Pilot.

Michael Schumacher
Pseudonym Marcel Niederhausen
Gebuer 3. Januar 1969
Hürth
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Formel-1-Pilot, Motorradcoureur
Famill
Geschwëster Ralf Schumacher
Kanner Mick Schumacher

De Schumacher huet tëscht 1991 an 2012 bei 307 Grand-Prixe vun der Formel 1-Weltmeeschterschaft matgemaach. Hien huet dobäi siwemol de Weltmeeschtertitel gewonnen, 91-mol gouf hien den Éischten, 68-mol ass hien an der Pole-Position lassgefuer a 77-mol war hien dee Séierste beim Tour vun der Pist. Domat ass hien dee Formel-1-Pilot mat deem gréisste Succès an der Geschicht vun deem Sport. Doriwwer eraus stoung hien 155-mol um Podium vun deene beschten dräi Coureuren.

Säin éischte Kontakt mat engem Motorgefier hat hie schonn am Alter vu véier Joer, wéi säi Papp him en ëmgebaute Kettcar mat 5-PS Motor geschenkt huet. Scho mat fënnef Joer huet e fir d'éischt eng Karting-Course an e Joer drop déi éischt Clubmeeschterschaft gewonnen.

Well sengen Elteren hir Geldmëttel net duergaange sinn ass en aus Altersgrënn am Kart-Sport laang mat enger lëtzebuergescher Lizenz gefuer. Doduerch hu keng finanziell Mëttel als Sécherheet zeréckgestallt musse ginn an e war scho mat zwielef Joer lizenzberechtegt. Ausserdeem hu fir d'Oprechterhale vun der Lizenz net sou vill Coursse musse gefuer ginn. Op der Karting-Pist zu Monnerech ass en déi Zäit och dacks gefuer.

Hien huet 1991 bei Jordan an der Formel 1 ugefaangen. Duerno ass hie bis 1995 fir Benetton gefuer, an ass 1996 bei Ferrari gewiesselt, wou e bis 2006 aktiv blouf. No enger Paus vun e puer Joer ass hien 2010 fir dräi Joer bei Mercedes gaangen.

Enn 2013 hat hien e schwéiere Schi-Accident, war eng Zäit am Koma an ass zanter September 2014 doheem, wou hie seng Rehabilitatioun mécht. Iwwer säin aktuelle Gesondheetszoustand [Stand Mäerz 2021] ass näischt bekannt.

Säi klenge Brudder Ralf Schumacher ass och tëscht 1997 an 2006 an der Formel 1 gefuer.

Statioune vu senger Karriär änneren

  • 1991: Formel 1 (Plaz 14)
  • 1992: Formel 1 (Plaz 3)
  • 1993: Formel 1 (Plaz 4)
  • 1994: Formel 1 (Weltmeeschter)
  • 1995: Formel 1 (Weltmeeschter)
  • 1996: Formel 1 (Plaz 3)
  • 1997: Formel 1 (disqualifizéiert)
  • 1998: Formel 1 (Plaz 2)
  • 1999: Formel 1 (Plaz 5)
  • 2000: Formel 1 (Weltmeeschter)
  • 2001: Formel 1 (Weltmeeschter)
  • 2002: Formel 1 (Weltmeeschter)
  • 2003: Formel 1 (Weltmeeschter)
  • 2004: Formel 1 (Weltmeeschter)
  • 2005: Formel 1 (Plaz 3)
  • 2006: Formel 1 (Plaz 2)
  • 2010: Formel 1 (Plaz 9)
  • 2011: Formel 1 (Plaz 8)
  • 2012: Formel 1 (Plaz 13)

Literatur änneren

  • Elmar Brümmer, Bodo Kräling, Ferdi Kräling: Mensch Schumi. Michael Schumacher – Siege, Mythen, Rekorde. Delius Klasing, Bielefeld 2006, ISBN 3-7688-1899-3.
  • Willy Knupp (Hrsg.): Danke, Schumi! Die Michael Schumacher-Story. Zeitgeist Media, Düsseldorf 2006, ISBN 3-926224-59-2.
  • Ferdi Kräling, Helmut Zwickl: Schumi – Michael Schumacher; Faszination einer Karriere. Heel, Königswinter 2001, ISBN 3-89880-015-6.
  • Achim Schlang: Michael Schumacher. Alle Siege des Rekordchampions. Motorbuch, Stuttgart 2006, ISBN 3-613-02762-3.
  • Rainer W. Schlegelmilch: Michael Schumacher – Eine Weltkarriere. Heel, Königswinter 2006, ISBN 3-89880-701-0.
  • Michael Schumacher, Sabine Kehm, Michel Comte: Michael Schumacher. Die offizielle und autorisierte Inside Story zum Karriere-Ende. Süddeutsche Zeitung, München 2006, ISBN 3-86615-403-8.
  • Karin Sturm: Michael Schumacher – Eine Ära geht zu Ende. Die Geschichte einer Weltkarriere. Herbig, München 2006, ISBN 3-7766-2502-3.
  • Helmut Uhl: König Schumi. Sein Leben – Seine Siege – Seine Tränen. Weltbild, Augsburg 2006, ISBN 3-89897-598-3.

Um Spaweck änneren

Commons: Michael Schumacher – Biller, Videoen oder Audiodateien